Oppe Muséeën a Galerien, den Damien Chazelle an d'Kënschtlerassociatioun ASPRO
"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.
Sou lues kënnt d’ëffentlecht Liewen zeréck an d’Kultur: Déi éischt Instituter, Muséeën a Galerien hu virsiichteg opgemaach, mir ware mat der Kamera mat.
Fir Theater- a Concertssäll wäert et awer nach daueren! D’Nora König erzielt eis, wéi een dat als Schauspillerin erlieft a wéi sech d’Associatioun ASPRO fir déi fräischaffend Büneleit an Intermittenten engagéiert.
Um Enn gi mer Iech nach Loscht op eng nei Serie vum Oscar-Gewënner Damien Chazelle.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.