"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 19 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Ganz iwwerraschend koum e Méindeg d'Nouvelle, datt de Claude D. Conter de Successeur vun der Monique Kieffer als Direkter vun der Nationalbibliothéik gëtt, nodeems déi designéiert Kandidatin sech zeréckgezunn huet.

Wéi gesäit hie seng nei Aufgab a wéi schwéier fält et em d'Literaturarchiv zu Miersch ze verloossen, dat en zënter 7 Joer leet a bei deem en nach vill Projeten hat? De Claude Conter war eisen Invité an der Emissioun "No Art on Air", an där d'Buch am Mëttelpunkt steet.

Donieft gëtt et och e Musektipp: de Ben Harper, deen am Summer hätt sollen op Lëtzebuerg kommen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo