"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 19 Auer e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Wéi kann e Festival a Krisenzäiten ausgesinn? De Museker an neien Direkter vum Trifolion Maxime Bender organiséiert zënter leschtem Joer de Festival Echterlive.

D´Philharmonie huet den Ament digital Concerten um Programm stoen an zu Diddeleng ginn et zwou ganz villfälteg Ausstellungen ze entdecken.

Mir kucken wéi eng spannend Filmer eis an de Kinoen erwaarden an zum Schluss stelle mir zwee Bicher vun der Schrëftstellerin Juli Zeh vir.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air - Edition Quarantän" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo