"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Zënter puer Méint sinn all d‘Film-Tournagen am Stand-by. D’Situatioun an der Filmindustrie ass den Ament net einfach, eng Situatioun di och an Zukunft vill Erausfuerderungen mat sech brénge wäert. Doriwwer geet Rieds mam Filmproduzent Paul Thiltges.

De Loïc Tanson stellt eis den neie Film vum Oscar-Gewënner Spike Lee vir an am Mudam kritt een e méi onkonventionellen Abléck an d’Filmgeschicht mam Wierk vum Christian Marclay.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" am Café "Gudde Wëllen" an der Stad ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo