"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

Endlech ginn se nees op d’Theater- a Kulturhaiser, wann och ënner verschiddene Sécherheetskonditiounen. Do muss ee kreativ sinn als Direkter- dat weess och de Jérôme Konen aus dem Kinneksbond Mamer. Wéi d’Saison ausgesäit a wéi een ënnert den Haiser zesummeschafft, erzielt en eis am Interview.

D’Patricia Baum war op kulturell Ëmweeër a Corona-Zäiten op Helleng a feiert den 10 Anniversaire vun der Villa Vauban.

An am Tipp geet de Loïc Tanson op de Kinohighlight vum Ament an: dem Christopher Nolan säin Tenet.

No Art on Air vun der Terrass vum Gudde Wëlle mam Jenny Fischbach…

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo