"No ART on AIR" - ëmmer samschdes no 7 e labberen Talk iwwer kulturell Theme mat interessanten Invitéen.

An der Premièresschoul ass et ugaange mat der Band TUYS an elo 12 Joer méi spéit gëtt et TUYS nach ëmmer. Duerch de Lockdown koume se mat enger Rei Museksvideoen an elo plange se zesummen op Berlin ze plënneren. Den Tun an de Yann sinn den Owend op Besuch beim Jenny Fischbach.

De Joël Seyler schwätzt iwwer eng Doudegriewerin, déi e Youtube-Star ass.

Mir huelen Iech mat an d'Expo "Mateneen" an de Cercle Cité an de Loïc Tanson stellt Disney + vir.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.

D'Ekipp vun No Art on Air

No Art- Bob Konsbruck
Chroniqueur
No Art on Air - Gibbes Bertolo
Gibbes Bertolo