Invité: De Kënschtler Filip Markiewicz. Ausserdeem eng aussergewéinlech Installatioun bei der Coque an eng Expo fir d'Elise.

Ob Musek, Theater, plastesch Konscht oder Film - de Filip Markiewicz huet eng grouss Spillwiss un Ausdrocksformen. De Kënschtler ass eisen Invité am No Art an erzielt ënner anerem vu sengem neiste Projet hei zu Lëtzebuerg.

D'Patricia Baum huet déi nei participativ Installatioun "Laby Foot" bei der Coque an Aktioun erlieft a stellt eis déi mysteriéis Geschicht ronderëm d'Ausstellung "Pour Elise" an der Villa Vauban fir.

No Art On Air, aus dem Gudde Wëllen, presentéiert vum Loïc Tanson.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.