Invitée: D'Cathy Krier, ausserdeem geet rieds iwwer d'Expo vum Hisae Ikenaga an der Galerie Nosbaum-Reding an iwwer de Film "Palm Springs".

Piano war vu klengem un déi grouss Passioun vum Cathy Krier a scho ganz jonk ass si an d'Ausland weiderstudéiere gaangen. Elo ass hiren neien Album mat Musek vum Komponist György Ligeti erauskomm an deen huet se och bei de Classical Meetings an der Philharmonie gespillt.

D'Christiane Kremer war sech déi aktuell Expo vum Hisae Ikenaga, der Gewënnerin vum LEAP-Präis 2020, ukucken

an de Loïc Tanson presentéiert de Film "Palm Springs".

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.