Invité: De Laurent Turping, ausserdeem den Album-Release vum Pleasing an d'Buch "I'm having a Knippchen".

Säi Material ass d'Holz, seng Skulpturen si meeschtens mënschlech Figuren an alle Gréissten a Situatiounen. Den Ament weist de Laurent Turping seng Wierker an enger Eenzel-Expo am Schlassgoart zu Esch.

De Joël Seiller huet dem Jeffrey Palms seng literaresch Erliefnesser am Buch "I'm having a Knippchen" gelies.

D'Valeria Wiwinius stellt dem jonke Museker Pleasing säin Debut-Album vir.

No Art on Air aus dem Gudde Wëllen presentéiert vum Jenny Fischbach.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.