Invitée: D'Illustratrice Annick Sinner, ausserdeem "De Georgely" Band 1 an d'Serie "Swarm".

D'Annick Sinner ass Illustratrice a fir hir nei Expo huet si en Titel erausgesicht, dee genee hir Aarbecht erëmspigelt: Gekniwwels, Getriwwels a Gepinsels.

De Julien Marcy huet sech déi nei Amazon-Prime-Serie "Swarm" ugekuckt an d'Christiane Kremer stellt d'Lidderbuch "De Georgely" fir.

An e Special Guest suergt fir musikalesch Ënnerhalung.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.