De Julien Hübsch
Invité ass de Kënschtler Julien Hübsch. Ausserdem d'Performance "L'Âge d'Or" an den Documentaire "Dany Cage, histoire d'une émancipation".
E Samschdeg den Owend am No Art On Air ass de jonke Kënschtler Julien Hübsch den Invité. Hie schwätzt iwwert säi chargéiert Joer 2023, an och iwwert di sëlleg Projeten, déi hien dëst Joer nach huet. De Kënschtler huet d'lescht Joer eng Residenz zu Paräis gemaach, wou een elo zu Diddeleng an der Galerie Dominique Lang d'Resultat vu senge Recherchë gesäit.
D'Claudia Kollwelter war sech dann och en aussergewéinlecht Theaterstéck ukucke mam Titel "L'âge d'or", eng Performance ausserhalb vun den Theatermaueren, nämlech an engem Shopping Center. De Julien Marcy erzielt vun engem Documentaire vum François Baldassare iwwert den Dany Cage, e legendäre Club hei zu Lëtzebuerg Enn de 60er Joren.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.
 
                     
                     
                     
                    