De Jérôme Klein
Invitéiert ass de Museker Jérôme Klein, ausserdeem d'Expo "Collections/Revelations" an den Event "Takeover" an der Rockhal.
De Jérôme Klein ass e musikaleschen Allrounder. Hie spillt eng ganz Panoplie un Instrumenter an deckt och verschidde Genren of, wat fir hien ënner anerem am Beruff als Museker wichteg ass. Hien huet säin eegene musikalesche Projet "KLEIN", ma spillt awer och a villen anere Bands.
D'Sandy Elsen stellt déi nei Expo "Collections/Revelations" vum Nationalmusée vir, hei treffe Konschtlegenden op national Kënschtler. D'Valeria Wiwinius schwätzt iwwert den Event "Takeover" an der Rockhal, wou dräi national Metal-Bands aner Lëtzebuerger Lidder an hirem Genre interpretéieren.
De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.