
Et ass e klengt Wonner an der Déierewelt: Ouni Befruchtung duerch e Männchen huet e Waraneweibchen an engem südfranséischen Zoo dräi Mol Nowuess krut.
Hannergrond ass e seelent genetescht Phenomeen - déi sougenannte Parthenogenese. Bei der eegeschlechtlecher Reproduktioun entstinn Nokommen aus net-befruchten Eezellen. D’Shy, wéi d’Déier genannt gëtt, wier nach ni engem Männche begéint, esou heescht aus dem Zoo vu Padirac. Trotzdeem sinn aus den dräi Eeër, déi d’Shy am August geluecht hat, leschte Sonndeg a Méindeg dräi kleng Warane komm.
Sollt d’Parthenogenese bei der 13 Joer aler Shy wëssenschaftlech confirméiert ginn, wier dëst weltwäit deen éischten nogewisene Fall vun eegeschlechtlecher Reproduktioun bei der Ënneraart vun de malaysesche Waranen. Bei anere Reptilie wéi dem Komodowaran wier d’Phenomeen schonn opgetrueden. An och bei Fësch goufen ewell Parthenogenese-Fäll nogewisen.
De Chef vum Zoo wier eegenen Informatiounen no stutzeg ginn, wéi d’Shy den 10. August dräi Eeër geluecht huet, déi anescht ausgesi wéi Eeër, déi Waraneweibercher soss leeën. Aus deem Grond hätt hien decidéiert, d’Eeër an en Inkubator ze leeën.
De ronn 30 Zentimeter laangen Neigebuerene geet et dem Zoo no gutt. Ob et Männercher oder Weibercher sinn, wier allerdéngs nach net ganz kloer. D’Probabilitéit, dass no enger Parthenogenese bei dëser Aart Männercher op d’Welt kommen, läit bei bal 100 Prozent.
Warane gëllen als extreem intelligent an erwuesse Männche kënne bis zu zwee Meter laang ginn. Well si awer a Südostasien dacks gejot ginn, sti si op der Lëscht vun den Aarten, déi vum Ausstierwe bedrot sinn.