
Dowéinst schléit d’Weltgesondheetsorganisatioun elo Alarm. Dass den H5N1 net méi just Vulle betrëfft, wier “enorm besuergneserreegend”, sou de WHO-Chefwëssenschaftler Jeremy Farrar en Donneschdeg zu Genf. De Virus hätt sech zu enger “weltwäiter Déiere-Pandemie” entwéckelt an domat géif och d’Gefor wuessen, dass de Mënsch sech domat ustécht an den Erreeger um Enn vun de Mënsche kann iwwerdroe ginn.
Den aktuellen Ausbroch hätt 2020 ugefaangen an hätt elo schonn zum Doud vun Dosende Millioune Gefligel-Notzdéieren. De Virus befält iwwerdeems wëll Vullen a mëttlerweil och Mamendéieren u Land an am Mier. Leschte Mount koumen zur grousser Iwwerraschung vun Experten och nach Kéi a Geessen op d’Lëscht vun de betraffenen Aarten dobäi.
Den Ament gëtt et keen Noweis, dass sech den H5N1-Virus beim Mënsch ausbreet. Et gouf der WHO no awer op d’mannst e puer Honnert Fäll, an deene sech eng Persoun bei engem infizéierten Déier ugestach huet. An dëse Fäll wier den Taux vun Doudesfäll “aussergewéinlech héich”, sou nach den WHO-Expert Farrar.
Vun 2003 bis den 1. Abrëll 2024 huet d’WHO eegenen Aussoen no an 23 Länner am Ganzen 889 Infektioune bei Mënschen enregistréiert, vun deenen der 463 déidlech Suitten haten. Dat entsprécht engem Taux vun 52%.
Fir nach méi Opreegung suergt eng Nouvelle dëse Mount. Am US-Bundesstaat Texas huet sech e Mënsch bei enger Mëllechkou mat der Vullegripp infizéiert. Der WHO no ass et wuel deen alleréischte Fall, dass sech e Mënsch bei engem Mamendéier mam H5N1 ugestach huet.
Wann e Virus och Mamendéiere befale kann, kënnt en dem Mënsch méi no, warnt de Farrar. An anere Wierder, den H5N1 sicht sech en neien, neiaartege Wiert. Dat misst ee ganz genee am Bléck behalen. Et wier do besonnesch wichteg ze kucken, wéi vill Mënsche schonn infizéiert goufen. Genee do geschitt d’Upassung vum Virus.