
Wäschbieren a Marderënn gehéieren zu de sougenannten “invasive gebittsfriemen Aarten”. Si goufen an Europa ageféiert an hu sech dunn an enger Partie Länner ausgebreet, dorënner och zu Lëtzebuerg. Mat enger neier Broschür wëll d’Naturverwaltung an Zesummenaarbecht mam Naturmusée béid Déiere virstellen an op d’Ënnerscheeder opmierksam maachen.
Ënnert anerem geet d’Broschür op Froen an, wéi zum Beispill: vu wat erniere sech Wäschbieren? Wou liewe si? Ausserdeem setzt sech ee Kapitel mat der Presenz vu Wäschbieren a Stied ausenaner, well et do ëmmer nees zu Konflikter mat dësen Déiere kënnt.
D’Marderhënn dogéint sinn eréischt viru Kuerzem am Grand-Duché opgedaucht. Dowéinst liwweren den Naturmusée an d’Naturverwaltung interessant Fakten iwwert hir Arrivée um europäesche Kontinent, wéi och iwwert hir Biologie. Den éischte Marderhond gouf am Februar 2022 zu Lëtzebuerg offiziell nogewisen. Et ass awer dovunner auszegoen, datt de Marderhond scho méi laang sporadesch hei ënnerwee war. Ursprénglech staamt dëst Mamendéier aus Ostasien a bréngt tëscht 3 bis 7 Kilo op d’Wo. Tëscht 1929 an 1955 goufe ronn 9.000 Marderhënn an europäeschen Deeler vu Russland an an der Ukrain ausgesat. Vun do aus hu si sech weider ausgebreet.
Well de Marderhond net op natierlechem Wee an Europa komm ass an een negativ Auswierkungen op d’Biodiversitéit fäert, gëtt e vun der EU op d’Lëscht vun “invasive gebittsfriemen Aarten” gesat. Laut dem Juegdgesetz vun 2011 dierf wärend dem ganze Joer iwwer Juegd op de Marderhond gemaach ginn. Et gëtt just eng Ausnam: déi 6 Woche laang Juegdpaus vum 1. Mäerz bis de 15. Abrëll.