
Nodeems d'Eléonora Molinaro d'Qualifikatioun beim ITF-Tournoi zu Wiesbaden gutt iwwerstanen hat, war d'Lëtzebuergerin e Mëttwoch am 1. Tour vum Haapttableau gefuerdert.
D'Lëtzebuergerin huet sech hei missen no 2 Stonnen an 42 Minutten an 3 Sätz mat 6 (6):7, 6:4 an 1:6 géint d'Cagla Buyukakcay geschloe ginn.
D'Tierkin steet an der Weltranglëscht op der 255. Plaz, d'Eléonora Molinaro ass d'Nummer 495.