Nei EtüdElefante ginn ouni Stousszänn gebuer - Schold soll d'Juegd sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Natur passt sech dem Mënsch un. An engem Nationalpark am Mosambik sinn Elefanten ouni Stousszänn gebuer. Dat enger Etüd no als Schutz viru Jeeër.
© AFP

Déi joerzéngtelaang Juegd op afrikanesch Elefanten hätt dozou gefouert, datt ëmmer méi Déckhaiter ouni Stousszänn gebuer ginn. Zu deem Resultat kommen d’Auteure vun enger an der US-Zeitung “Science” publizéierter Etüd. D’Date géinge beweisen, “dass de Mënsch d’Anatomie vu Braconniere wuertwiertlech verännert”. Dat sot de Chef vun der Etüd.

D’Fuerscher wieren der Fro nogaangen, wisou jonk Elefanten am Gorongosa-Nationalpark am Mosambik dacks ouni Stousszänn gebuer ginn. D’Resultat: D’Massejuegd, opgrond vum “Elfenbein”, hätt bei den Déieren eng genetesch Mutatioun ausgeléist. De Biergerkrich am Mosambik vun 1977 bis 1992 hätt d’Elefantepopulatioun ëm 90 Prozent reduzéiert. De Bestand wier vun 2.500 Déieren op 200 erofgaangen.

Wéi d’Bestänn sech nom Enn vum Krich lues a lues erhuelt hunn, hunn d’Fuerscher festgestallt, dass weiblech Elefanten ëmmer méi dacks ouni Stousszänn gebuer gi sinn. Well déi awer oninteressant fir d’Jeeër waren, si si meeschtens verschount ginn, wat d’Warscheinlechkeet erhéicht hätt, dass sech genee dës Déiere reproduzéieren an hir Geene weiderginn, dass keng Stousszänn wuessen.

Dat ass iwweregens och net déi éischte Kéier, dass d’Natur op d’Aktioune vu Mënsche reagéiert. A Kanada wieren d’Hare vu Schof an 20 Joer intensiver Juegd ëm 20 Prozent geschrumpft. Och de Fëschfang hätt eng “séier Evolutioun” bei verschidden Aarten ausgeléist.

Fir Wëssenschaftler wier et allerdéngs schwiereg, d’Evolutioun vun Aarte mam mënschlechen Afloss a Verbindung ze bréngen. Och aner Ëmweltfacteuren, virun allem de Klimawandel, kënne Mutatiounen ausléisen.

Back to Top
CIM LOGO