eSport zu Lëtzebuerg
Ëmmer méi Léit spille Computer- a Videospiller a Kompetitiounen. China plangt dat professionellt Spillen als olympesch Disziplin.
An och zu Lëtzebuerg wiisst de sougenannten Electronic-Sport, kuerz eSport. Et gi schonn e puer Ekippen hei am Land, déi op Tournoie ginn an ëm Präisgelder spillen.
Am eSport gëtt zwar nëmmen um Ecran gelaf a gesprongen, mä Teamgeescht, Konzentratioun an Training si wéi bei klassesche Sportaarte wichteg.
Gespillt gi Krich-Spiller, wéi "Call of Duty", awer och digital Sport-Spiller wéi "FIFA". Däitschland wëll d’kompetitiivt Spille souguer als Sportaart unerkennen. Lëtzebuerg ass nach net esou wäit. Hei kann och nach kee Spiller dovunner liewen. An awer ginn d’lëtzebuergesch eSport-Events ëmmer méi grouss a fannen hire Public am Internet an op der Bühn.