D'E3 zu Los Angeles huet nees eng Rei nei Spiller fir d'Fans bereet. Allgemeng Highlights waren z.B. Fallout 76, Resident Evil 2 oder Super Smash Bros.

Et ass DEN Event vum Joer fir Videospiller an de Gaming am allgemengen... D'E3 gehéiert net nëmmen zu deene gréisste Foiren ëm elektronesch an digital Spiller, mee ass och nach déi Plaz, op där déi grouss Publisher an Entwéckler hir nei Spiller, Konsolen a Gimmicks virstellen.

Ugefaangen huet de Weekend "Electronic Arts", kuerz EA. Ënnert anerem goufen et Samschdes vill Informatiounen iwwert Star War, souwuel vum Spill dat am Moment aktuell ass, wéi och iwwert e fonkelneit Spill. Dann stoungen awer och Athem, Command & Conquer oder Battlefield V ënnert anerem um Programm.

E gréissere Resumé, kënnt der iech hei gemittlech an onkomplizéiert ukucken.

VIDEO: EA op der E3 2018 zu Los Angeles
Anthem, Star Wars Battlefront II oder Unravel Two goufen zum Beispill op der Pressekonferenz presentéiert.

E Sonndeg stoung dann alles am Zeeche vu "Microsoft", "Bethesda" an "Devolver Digital".

VIDEO: D'Pressekonferenz vu "Microsoft" op der E3
Kann Microsoft sech mat neien Exklusiv-Titelen nees un d'Spëtzt katapultéieren?
RTL

© afp

An hei gouf ganz kloer am Verglach zu EA eng Schëpp drop geluecht. Microsoft huet "Halo Infinite" annoncéiert, bei Bethesda hunn d'Ukënnegunge vun "The Elder Scrolls VI" an "Fallout76" dominéiert. Devolver Digital huet, wéi och d'Joer virdrun, mat enger zimlech ofgedréiter Presentatioun a coolen neien Indie-Titelen iwwerzeecht.

VIDEO: D'Pressekonferenz vu "Bethesda" a "Devolver" op der E3
Wat gouf vu Spiller annoncéiert a wéini kommen se eraus?
RTL

© afp

Och Square Enix an Ubisoft hunn hir Presentatiounen elo hannert sech! Kuckt iech eise Resumé vu béide Konferenzen un:

VIDEO: Square Enix an Ubisoft op der E3
Hei sinn eis Highlights vu béide Pressekonferenzen.

An zu gudder Lescht nach d'Pressekonferenzen vun Sony a Nintendo:

VIDEO: Sony an Nintendo op der E3
Highlights hei ware Resident Evil 2, Super Smash Bros. Ultimate, Last of us II oder de neie Spiderman.