Déi riseg Sci-Fi-RPG-Welt vun de Kreateure vu "Witcher 3" soll komplett ouni ze lueden auskommen. Ausnam bleift d'Fast-Travel-Funktioun.

Den Entwéckler "CD Projekt Red" huet confirméiert, dass beim neie Spill Cyberpunk 2077 d'Spiller net waarde mussen.

Et wäert een also an déi 6 verschidde Bezierker vun Night City kënne goen, ouni dass do dertëscht muss geluede ginn, sou wéi een dat bei "The Wichter 3: Wild Hunt" scho gewinnt war.

Am Géigesaz heizou, wäerte bei Cyberpunk 2077 dacks Gebaier Deel vun der Kaart sinn.

Op der "Gamescom 2018" wäerten et dann éischt offiziell Gameplay-Biller ginn.