Normalerweis ass de Kampf bei Pokémon Go reng virtuell... A Kalifornien waren awer Leit eeschthaft uneneegeroden, dat well eng Arena besat war.

Ëm all Präis wollten héchstwahrscheinlech e Papp a säin erwuessene Bouf alleguerten d'Pokémon fänken... Ganz nom Motto "Gotta catch'em all". Wou normalerweis kleng Monsteren an digitaler Form an de Kampf ginn, koum et a Kalifornien (USA) zu enger reeller a bluddeger Ausernanersetzung.

Wéi et heescht, sollen e Papp a deem säi Bouf en anere Pokémon-Go-Spiller attackéiert hunn, dat well deen hinnen eng virtuell Arena mam Smartphone geklaut hätt. An sech huet hien also just mat sengem Handy e Pokémon virtuell an dës Arena gesat. An sech hätte Papp a Jong nëmme misste géint de Spiller an der virtueller Welt géint d'Pokémon kämpfe wéi et an sech och virgesinn ass.

Majo et koum awer anescht wéi geduecht, d'Affer gouf relativ uerg a virun allem op eng gewaltsam Aart a Weis blesséiert. Hien krut eng Fläsch op de Kapp, gouf zerklappt an dono souguer an e Séi gehäit. Ënnert anerem e geschwollent A, e gebrachene Fanger an eng Rei aner Blessuren huet den aarme Spiller dovunner gedroen. Den 71 Joer ale Papp an den 31 Joer ale Jong goufe vun der Police festgeholl.