Leit déi Spiller kopéieren, solle streng bestrooft ginn

De Videospill-Gigant aus Japan huet wéi et schéngt d'Nues voll a féiert nei Anti-Kopéier-Mesuren fir Switch-Spiller an.
Soubal der elo mat ärer Switch online gitt, iwwerpréift e Sécherheetssystem an der Konsol, ob d'Daten déi vun enger Gamecard gelies ginn, och wierklech vun engem autoriséierten an offiziellen Nintendo-Produit ass.
Am Fall wou der äert Spill legitim kaf hutt, ass alles an der Rei: Är Konsol kritt vum Spill souzesoen eng eenzegaarteg Zertifikatioun geschéckt, déi et erlaabt online ze spillen. Wann dat awer elo net de Fall ass, well zum Beispill en illegaalt Spill an der Konsol ass, gëtt dës Gamecard (also d'Spill) markéiert an et ass vun do un net méi méiglech domadder online ze goen.

Ma dat Ganzt kéint awer nach méi schlëmm Konsequenzen hunn, sou dass een am ongënschtegste Fall aus dem Nintendo-Network erausgehäit gëtt. Spiller déi digital an illegal kopéiert goufen, solle souguer en automatesche "Ban" kréien. Verschidden Experte gesinn dës Mesurë vun Nintendo als eng extrem gutt Aart a Weis un, géint Piraterie virzegoen.
Et géif nämlech eng Abberzuel u weideren, onbekannten a verschlësselten Daten an dëser Zertifikatioune ginn, sou dass et Nintendo relativ einfach fält, fir ze erkennen, wéineg Spiller illegal gedeelt goufen. Ween mengt, dass een dës Zertifikater jo dann einfach kopéiere kéint, deen ass um Holzwee, well dat ass dato nach net méiglech. Bei Offline-Spiller ass et natierlech dohier net méiglech, esou eng Kontroll ze maachen.