Wat sti bei Nintendo, niewent de gewossten E3-Ukënnegungen, nach esou vill Games an der Pipeline?

IGN an den USA hunn sech no der E3 mat Nintendo ënnerhalen an emol nogefrot, wat niewent de gewosste Spiller wéi „Super Smash Bros.“ oder dem neie „Pokémon Let's Go“ nach fir Spiller an der Pipeline sinn. An hei hunn sech virun allem 4 Spiller erauskristalliséiert: Metroid Prime 4, e neie Yoshi-Titel, e neie Star Fox an e weidert Animal Crossing-Spill.

Bei Metroid Prime 4 war jo schonn zënter der E3 2017 gewosst, dass e neien Deel vu Metroid an der Entwécklung ass. Allerdéngs war dovunner näischt méi op der E3 vun dësem Joer ze gesinn. Nintendo huet dozou gesot, dass een sech 2018 op Smash Bros. a Pokémon interesséiert. Am Januar 2019 kéint also op der traditioneller Konferenz vun Nintendo méi zu dësem Titel présentéiert ginn, wann net, dann op der E3 2019.

D'Aarbechten un engem neie Yoshi-Spill dogéint solle scho méi wäit viru komm sinn, dëst Joer sollen et heizou nei Infoe ginn. D'Spill dat jo vu Nintendo op d'Joer 2019 verréckelt gouf, spillt déi Kéier an enger Welt aus Kartong, nodeems am Wii-U-Virgänger (Yoshi's Woolly World) jo éischter Woll d'Haaptroll gespillt huet.

RTL

Reng Spekulatioune ginn et dann iwwert e Star-Fox-Rennspill, mam erstaunlech onkreativen Numm Star Fox: Grand Prix fir d'Nintendo Switch. Allerdéngs ginn et dozou keng Confirmatioune säitens Nintendo, sou dass dat Ganzt, wéi och de Numm nach komplett onkloer ass.

RTL

Schlussendlech ginn et da staark Spekulatiounen iwwert e nei Animal Crossing-Spill, dat no der Smartphone App „Pocket Camp“. Nodeems Pokémon Go säin Nofolger op der Switch kritt huet, géif dach eng equivalent Adaptatioun mat Animal Crossing Sënn maachen, oder? Nintendo no géif dat ganzt effektiv och Sënn maachen, allerdéngs loossen se d'Fans zappelen: Keng Unzeeche bis ewell, dass dru geschafft gëtt.

RTL