Dass den Internet voll mat sexuellen Inhalter an alle Formen ass, ass kee grousst Geheimnis. Dat Ganzt an engem Spill vun Nintendo verwonnert dann dach ...

Wéinst engem Hacker-Ugrëff op d'Spill Super Mario Odyssey fir Switch, si Speckbiller an dem Mario seng onschëlleg Welt geroden. Konkret fënnt een dës am Minispill „Balloon World“ vum Luigi.

Hei kann een e Ballon verstoppen an engem säi Profilbild gëtt dann dorobber ugewisen. Hacker hunn awer erausfonnt, wéi se hir eegen Avataren eropluede kënnen, sou dass dës zenséiert Material awer ëffentlech gëtt.

RTL

© Reddit

Et gëtt elo Eltere vu Kanner geroden, d'Switch vum Internet ze trennen, bis de Problem geléist ass. Bis elo ass just dëst Spill betraff, anerer kéinten awer nokommen.