Hei e klengen Iwwerbléck iwwert déi neisten a wichtegsten Infoen zum neie Fallout-Titel.

Release-Datum: de 14ten November

Wat eis erwaarde wäert:

  • En rengt online Game (PvP)

  • 6 Regiounen

  • Et trëfft een op aner Spiller an net op NPC‘s

  • Wann de Charakter stierft behält een seng Objeten an de Spiller kann decidéiere wou en op der Kaart "respawnen" wëll

  • De wirtschaftlechen Handel tëschent Gamer spillt eng wichteg Roll

  • Op d’Atombomme soll ee gutt oppassen

  • Et kann een zesumme géint en endlosen nukleare Krich kämpfen oder géint aner Gamer een féieren

RTL

  • Fir d’Rakéitencoder ze kréie muss een zesumme Rätsel léisen, eleng geet et och mee dann gëtt et immens schwéier

  • Stralungszone sinn immens geféierlech

  • Iessen an drénke muss een och

  • "Crafting" spillt eng grouss Roll fir ze iwwerliewen

  • Iessen, Waffen, Munitioun, Mods fir Waffen a Gebaier kann ee selwer hierstellen

  • 12 vs 12-Deathmatches ginn et och a sollen usprochsvoll sinn

  • Et kann een och eleng op Privatservere spillen, wat d‘Spill awer däitlech méi schwéier mécht

  • Un enger Story soll et net feelen an och net un Quest‘s