Deel 1: Op wéi enger Konsol oder Plattform zocken d'Leit zu Lëtzebuerg?
D'Playstation 4 ass déi Konsol, déi hei am Land bei deene meeschte Leit am Gebrauch ass. Dono kënnt de PC, Plaz 3 geet un d'Nintendo Switch.
1.135 Persounen hunn bei eiser RTL-Ëmfro matgemaach, iwwer 2100 Äntwerte goufe bei der Fro ofginn, wéi eng Konsolen/Plattformen am Moment am Gebrauch sinn, fir déi aktuell Spiller ze zocken. Am Duerchschnëtt huet also all zweete Gamer zwou oder méi Konsolen am aktuelle Gebrauch. (47% hunn 2 oder méi Konsolen, 53% hunn eng Konsol)
Wann ee sech ukuckt, wéi vill Leit eng bestëmmte Konsol uginn hunn, déi se am Gebrauch hunn (hei waren och méi Choixe méiglech), gesäit ee kloer, dass d'Playstation 4 (48%) an de PC (45,8%) sech mat Ofstand vun der Konkurrenz ofgesat hunn.

© David Winter (RTL)
D'Nintendo Switch, déi neiste Konsol op dëser Lëscht, kann sech erstaunlecherweis op der 3. Plaz behaapten. All 4. Gamer gëtt un, eng Nintendo Switch am Gebrauch ze hunn. Och den Tablet, respektiv de Smartphone, gëtt ëmmer méi beléift, fir Spiller drop ze zocken. Virun allem Spiller wéi Fortnite oder PUBG hunn dësem Hype mat Sécherheet gehollef. Awer och Spiller wéi Candy Crush oder Clash of Clans ginn extrem vill gespillt, sou dass déi mobil Plattformen ëmmer méi populär ginn.
Hei nach eemol eng aner Vu, wou mer d'Konsole par Rapport zu all den Äntwerte stellen, déi ofgi goufen.

© David Winter (RTL)
Ervirzehiewen ass dann d'Xbox One, déi emol keng 10% kritt a mat 8,8% souguer nach manner gewielt gouf, wéi d'Playstation 3, wat dach erstaunlech ass. De weltwäit schlechten Ëmsaz vun der Xbox One spigelt sech och zu Lëtzebuerg also erëm.
Playstation 4: 48%
PC: 45,8%
Nintendo Switch: 24,1%
Smartphone/Tablet: 23%
Playstation 3: 9,2%
Xbox One: 8,8%
Wii U: 7,3%
Xbox 360: 3,7%
Anerer: 15,3%