Spyro Reignited Trilogy

Nom grousse Succès vu Crash Bandicoot N.Sane Trilogy, kënnt och de klenge mofen Draach zeréck op d’Konsol, dat natierlech schéin oppoléiert.
Spyro the Dragon, ass am Joer 1998 fir déi éischte Kéier fir d’Playstation erauskomm an huet mech perséinlech extrem markéiert. Et ass nämlech eent vun der rarer Zort Spiller, déi et haut praktesch net méi gëtt. Riets geet vum 3D-Plattformer, eppes dat an der Transitiounsphas vun 2D op 3D extrem beléift war, well et einfach d’Weiderféierung vun den Jump`n Run Spiller war. E Beispill, dat dëst praktesch a Perfektioun ëmgesat krut, war Mario 64 fir d’Nintendo 64. Allerdéngs sinn hei och eng ganz Partie Titelen erauskomm, déi alles anescht wéi gutt waren an no a no d’Enn vun dësen 3D-Plattformer ageleet hunn.

Ma wat Mario 64 fir d‘Nintendo 64 war, war fir mech perséinlech Spyro op der Playstation 1. Sypro the Dragon, also den éischte vun den 3 Titelen hat mer et deemools als Kand relativ séier ugedoen, dat wéinst der spezieller Steierung an der eegenaarteger Welt, déi virun allem faarweg an och, dat muss een zouginn, e wéineg kannereg ass. Verantwortlech fir déi éischten 3 Deeler, déi wéi gesot op der Playstation 1 erauskomm sinn, war de bekannte Studio Insomniac. Ënnert anerem hunn si de neie Spiderman awer och Ratchet&Clank an d’Resistance-Serie entwéckelt. De Remake gouf allerdéngs vun enger anerer bekannter Mark, nämlech Activision gemaach. Och de Studio Toys for Bob war zu groussen Deeler drun bedeelegt.
Ähnlech wéi beim Crash Bandicoot-Remake, kann een och beim neie Spyro tëscht den 3 Deeler decidéieren. Hei huet ee jo den 1. Deel, “Spyro the Dragon”, “Sypro 2: Ripto’s Rage” a “Spyro 3: Year of the Dragon” zur Auswiel.

An wat soll ee soen, et ass absolut derwäert, virun allem, wann een, wéi ech, d’Spiller scho länger net méi gespillt huet an sech nees ganz vu fir wëll iwwerrasche loossen. D’Grafik fält ganz kloer als alleréischt op, hei gouf natierlech kräfteg oppoléiert, Detailer erausgeschafft an deels nei designt, fir dass een hei um Stand vum Joer 2018 ass. Fir de Recht bleift alles beim alen, genee wéi bei Crash Bandicoot fillt sech och hei d’Steierung nach ëmmer sou un, wéi een dat op der PS1 gewinnt war. De Feeling vu Spyro ass erhale bliwwen, eppes dat bis ewell ganz gutt vun Toys for Bob ëmgesat gouf.

D’Levele si vollgepaakt mat fuerwege Welten a verréckte Charakteren, wéi een dat och vun de Klassiker gewinnt ass. Dass d’Spiller deelweis kannereg eriwwerkommen, ass wéi gesot esou gewollt, dat well och hei en Deel vum Charme vum Spill verstoppt ass. Ronn 7-11 Stonne pro Deel kann een aplangen, natierlech e wéineg méi, wann een all Klengegkeet sammelt. Bei den Deeler 2 an 3 sinn et virun allem déi nei Fäegkeete vum Draach, déi d’Serie weiderhin ënnerhalsam maachen. Eppes dat ee kéint Kritiséieren ass d’Kamera-Astellung, déi heiansdo net optimal ass, an déi wéi gesot dach deels speziell Steierung, déi heiansdo e bëssi vill sensibel ass. Mä do huet een sech eben un de Klassiker inspiréiert an ass deenen trei bliwwen.

E proppere Remake, dee virun allem vir déi Leit ass, déi scho fréier gären d’Spill gezockt hunn. Eppes wierklech Neies erwaart ee reng spilleresch net, ma als Nostalgie-Freak, dierf een dat och net verlaangen. Absolut derwäert fir sech unzeleeën also, ech ginn dem Spill 8,3/10.