Et gëtt keen, dee se net kennt, oder soe mer mol, et gëtt zumindest keen, deen net deen ee kennt. Ma den Onmutt bei de Fans wiisst...

Richteg! Rieds ass natierlech vu Pokémon a vun eiser Liblingsmaus, dem Pikachu. Säit dem 27. Februar 1996 ginn et des mol méi, mol manner léif Männercher (mëttlerweil ginn et schonn 896 Stéck) a si erfreeën sech säitdeem un enger extrem grousser Fanbase. Dorëms verwonnert et net, dass d‘Franchise Pokémon sech iwwert Jore weiderentwéckelt huet an zuelräich Projeten ugegraff huet. Sou existéiert beispillsweis Pokémon-Zanpasta, en Pokémon-Energydrink, Pokémon-Bettgedecks,… Dës Lëscht kéint ee warscheinlech an d’onendlecht zeien, mee et dierft jidderee verstanen hunn, dass Pokémon eng extrem beléiften an aflossräich Trademark um Marché ass.

Allerdéngs goufen d'Pocket Monsters haaptsächlech duerch d’Kaartespill, divers Filmer, eng Anime-Serie, d’Mangaen an duerch d’Videospiller bekannt. Em déi geet et och hei am Artikel. Sie bilden zesumme mat der Anime-Serie d’Häerzstéck vu Pokémon a si säit Joren de Garant fir den Erfolleg vu Pokémon. Allerdéngs bréckelt an deene lëschte Joren di scheinbar perfekte Fassad vun der Spillerei. Vill Fans kritiséieren déi nei Tentative vu Game Freak, dem Pokémon Entwécklerstudio, bezéiungsweis se kritiséieren di allgemeng Politik vun der Pokémon Company, der Grënner-Entreprise vum Pokémon-Franchise. Ass des Kritik berechtegt? An wéi eng Richtung entwéckelt sech den Trademark "Pokémon"? An wéi gesäit d'Zukunft fir d’Pocket Monsters aus? Des Froe gelt et am folgenden Artikel ze beäntweren.

Fir d’éischt gëllt et eng Grenz ze zéien tëscht dem Pokémon-Rollespill, der Haapt-Serie vu Pokémon an de sougenannte Spin-Offs. E Spin-Off ass en Wierk, an onsem Fall en Spill, dat vun engem anere Wierk ofgeleet ass, an sech mat verschiddenen Aspectë vum Original beschäftegt. Am Fall vu Pokémon gehéieren di meeschte Spin-Offs engem anere Spillgenre un, a verfollegen en anert Spillprinzip. Esou kann et geschéien, dass sech an de Spin-Offs eege Spill-Serien entwéckelen, wat ënner anerem bei Pokémon och geschitt ass.

Kucke mer eis Spin-Offs mol méi genau un. Insgesamt si ganzer 83 Spin-Off-Spiller vu Pokémon op de Marché komm. Dorënner falen ënner anerem beléifte Spiller, wéi Pokémon Mystery Dungeon, Pokémon Ranger, Pokémon XD - Der dunkle Sturm oder Pokémon Go. An awer och manner beléiften, esouguer geflopte Spiller, wéi PokéPark Wii, Pokémon Rumble oder d’Smart-Phone Spiller à la Pokémon: Karpador Jump oder Pokémon Smile. Ënnert deene ville Spiller hunn sech awer ëmmer erëm Exoten ageschlach, wie beispillsweis Pokémon Art Academy, wou Jong an Al sollten ob eng spilleresch Aart a Weis mat de Pokémon mole léieren oder "Lernen mit Pokémon: Tasten-Abenteuer", wou d‘Kanner iwwert eng per Bluetooth verbonnen Tastatur mam Nintendo DS schreiwe léiere sollten. Iwwerdeems goufe scho 4 néi Spin-Offs ugekënnegt. Dorënner en néien Ofleeër vun der Pokémon Snap-Réi (hei fannt Dir onsen Artikel dozou) a Pokémon UNITE. Bei dësem réischt viru kuerzem ugekënnegte Spill (24.06.2020) handelt et sech em en Teamkampf-Strategiespill a wéi Dir hei am Trailer gesitt léisst sech eng liicht Ähnlechkeet zu League of Legends constatéieren.
An der Haapt-Rei vu Pokémon sinn iwwerdeems 32 Spiller an Europa rauskomm. Di éischt waren d'Pokémon Rote Edition und Blaue Edition a sinn de 05.10.1999 an Europa rauskomm. Di lëscht ware Pokémon Schwert und Schild a si weltwäit de 15.11.2019 op de Marché komm. Si grenze sech ebe vun de Spin-Offs of, well se ëmmer deem selwechte Spillprinzip follegen. Spréch et muss ee mat senge Pokémon géint 8 Arenaleiter untrieden an zum Schluss muss een sech bei der Top 4 a beim Champ ënner Beweis stellen. En plus ginn an dëse Spiller ëmmer eng nei Regioun an eng néi Generatioun un Pokémon an de Pokémon-Universum bäigesteiert, bezéiungsweis eng jeeweileg Regioun gëtt optesch an technesch verbessert. An deem Fall schwätzt ee vun engem Remake, wéi hei bei Pokémon Platin.

Wou leien elo genau d’Ursaache fir de steigenden Onmutt bei de Fans? Ginn se dach gefillt all zwee Joer mat engem Spill aus der Haapt-Rei an och soss mat vill gudde Spin-Offs versuergt. Et ass jo och net, dass d’Spiller qualitativ schlecht wieren, dat schlechtste Pokémon-Haaptspill ass Pokémon Smaragd mat enger Bewäertung vun ëmmerhi 76/100 laut Metacritic. Eben do läit fir vill Fans de Problem.

Op der enger Säit sinn d‘Läit iwwersiedegt vun de Pokémon-Spiller. Et ginn der einfach ze vill an et kommen ze vill Spiller raus, déi sech qualitativ dann dach ze vill ënnerscheeden. Ausserdeem huet een am Gefill, dass d‘Pokémon Company sech méi op eng jonk Zielgrupp fokusséiert huet, well se an der läscht vill Spin-Offs rausbréngen, virun allem fir op den Smart-Phone, di eigentlech just en jonke Public an Hardcore Fans uspriechen. Eng weider Reproche envisagéiert d‘Systemer op deenen d‘Spiller rauskomm sinn. D’Spiller vun der Haapt-Serie si jorelaang nëmme fir d’Handhelds aus dem Haus Nintendo rauskomm, obwuel een et och schonn deemools op den technesch bessere Konsolen (Wii U, Nintendo Switch) hätt kéinte rausbréngen. Di éischt „richteg“ Pokémon-Spiller si réischt am Joer 2018 fir eng Nintendo-Konsol rauskomm. Mee domat net genuch, ginn d’Pokémon-Spiller vun der Nintendo Switch wéinst hirer schwaacher technescher a graphescher Ëmsetzung kritiséiert. Virun allem am Hibléck dorop, wat mat der Switch méiglech wier. Een Hoffnungsschimmer an där Hisiicht ass New Pokémon Snap.

Hei en Grafikverglach tëscht New Pokémon Snap a Pokémon Schwert:

New Pokémon Snap / © Nintendo

Pokémon Schwert

Dat ass allerdéngs net alles. Och bei de Spin-Offs huet d’Pokémon Company sech en bësse verschat. Verschidde Spin-Offs kruten eng Éiwegkeet keen Nofollger (siehe Pokémon Snap), anerer obwuel se ëmmer onbeléifter goufen, kruten een Nofollger (siehe Pokémon Rumble) a bei anere Réien huet Qualitéit mat all Spill konstant ofgeholl (siehe Pokémon Mystery Dungeon op Metacritic).
Des an nach vill aner Argumenter (DLC fir Spiller vun der Haapt-Rei, inkonsequent Designentscheedung, schlecht Kommunikatioun mat de Fans an eng schlecht Trailer-Politik) huet d’Faass bei de Fans zum Iwwerlafe bruecht. Des weist sech un der Reaktioun vun de Fans op den néien Trailer vu Pokémon Unite. Den Trailer war no kuerzer Zäit de Video mat deene meeschten Dislikes um Youtube-Kanal vu Pokémon. Vill Supportere fuerderen d’Läit dowéinst op di néi Pokémon-Spiller ze boykottéieren.

Quo vadis Pokémon? Eng Fro, déi schwéier ze beäntwerten ass. Geet d’Pokémon Company net mat der Zäit oder sinn d‘Supportere vläicht ze exigent. Sinn d’Erwaardungen un Game Freak ze grouss ginn oder raschten se ob hiren eemolege Verdéngschter? Kann een esouguer vun enger klenger Kris schwätzen oder schwätzen d'Verkafszuele vu Pokémon Schwert a Schild (16,18 Milliounen) fir sech?
Wéi gesitt Dir des Situatioun, loosst eis et mat engem Kommentar wëssen!