Apple fiert jo eng strikt Politik, wann et ëm d'Zesummenaarbecht mat App-Ubidder geet. Ronn 30% vun der Verkeef wanderen an direkt an d'Täsch vun Apple.

D'Ausernanersetzung tëscht den Entwéckler vu Fortnite an Apple  huet mëttlerweil Dimensiounen erreecht, dass dëst Konsequenze fir déi ganz Videopsill-Branche kéint
hunn.

Elo geet et nämlech net nëmmen ëm d'Spill selwer, mä ëm d'Grafik-Technologie vun der Entwécklerfirma Epic Games, déi vu villen aneren Apps genotzt gëtt. Epic wëll juristesch verhënneren, dass Apple der Firma um Enn vum Mount den Zougang zu hirem Entwécklungsprogramm kënnegt. Epic kéint esou d'Méiglechkeet verléieren, seng Grafik-Technologie "Unreal Engine" weider fir den Asaz fir iPhone an iPad z'adaptéieren.

Géif de Sträit méi laang daueren, kéinten Entwéckler vun Apps am Plaz vun Unreal op de Konkurrent Unity zeréckgräifen. De Sträit ass ufanks lassgaangen, wéi et eben ëm d'Verdeelung vun de Gelder bei In-App-Keef op iPhone an iPad gaangen ass. 30% hëllt sech hei Apple, dat zënter 2008, der Grënnung vum App Store. Alleguerten d'Contenue mussen iwwert de System vun Apple laafen.

Wéi Epic ugebueden hat, dass d'Useren op der offizieller Homepage déi virtuell Contenue kéinte méi bëlleg kafen, wéi bei Apple, gouf d'App gespaart. Och fir Epic géife keng Ausname gemaach ginn, esou Apple.

Dat selwecht gouf iwwregens och bei Andoirds-App vun Epic probéiert, ma och hei ass ee vu Google aus dem Play Store geheit ginn. Och hei huet Epic elo eng Planite géint Google gemaach.