All Arrêt gëtt op der U-Bahn-Kaart duerch e Levelsymbol representéiert.

Net nëmmen Nintendo huet de 35. Gebuertsdag vun hirem Flaggschëff ausgibeg gefeiert, mä och d’Wiener Linien. D’Wiener U-Bahn-Netz huet sech dozou entscheet, dem Super Mario fir säi Gebuertsdag ze gratuléieren. Nodeems Nintendo an senger traditioneller "Direct" remastered Spiller,  eng Game&Watch Konsol an aner Goodies ugekënnegt hat, huet sech d’Belinda Krottendorfer, eng Wiener Awunnerin an Notzerin vun den ëffentlechen Transportmëttel dozou entscheet, et Nintendo gläich ze maachen.

Hat huet d’Wiener U-Bahn-Netz an ee Super Mario Bros. 3-Design gesat. All Arrêt gëtt op dëser Kaart duerch e Levelsymbol representéiert. D’Plazen, op deene méi Linnen sech kräizen, ginn duerch eng Buerg duergestallt an d’Endstatioune ginn duerch e grousst Schlass gekennzeechent.

Net nëmmen Nintendo-Supportere hunn dës Iddie genial fonnt, mä och d’Wiener Linie selwer, déi der Fra Krottendorfer hir Kaart kuerzerhand publik gemaach hunn. Falls der Iech elo eng Kéier beim Wiener Prater frot, wéi Dir am séierste bei dat nächste Schlass zu Florisdorf kommt, da sief heimat fir Ofhëllef gesuergt.