Dës Kéier kucke mer eis en aneren Aspekt un, deen zwangsleefeg mat den Therme „Spillen“ a „Spiller“ a Verbindung bruecht gëtt.

Et handelt sech em d’Kannererzéiung. Dass des schonns an der Antik relativ ënnerschiddlech ëmgesat gouf, léisst sech besonnesch gutt un de Beispiller Sparta an Athen ausmaachen. Wärenddeem an Athen d’Kanner gréisstendeels vun den Elteren, bezéiungsweis vu privat engagéierten Elitte grouss gezu goufen, stoung zu Sparta d’Erzéiung am Zeeche vun der Allgemengheet. Dëse spartaneschen Erzéiungssystem gouf am anticke Griicheland "agoge" (ἀγωγή) genannt.

Och am anticke Roum war d’Kannererzéiung en wichtege Sujet an deementspriechend gouf sech och mat dem Thema „Kannerspiller“ auserneegesat. De beschte Beweis dofir ass dem Sueton säi Buch mam Numm „Liber de lusibus puerorum“. Dëst Buch ass allerdéngs iwwert Joren ewech verluer gaangen, esou dass mir nëmmen nach Brochstécker iwwert de Contenu vum Buch wëssen. Allerdéngs huet dat d’Fuerscher net dovunner ofgehalen ze recherchéieren, esou dass mir haut villes iwwert Spillverhale vun de Kanner aus dëser Zäit wëssen.

Esou huet den Hugo Blümner rausfonnt, dass déi ganz kleng Kanner mat enger Aart Rësel, op Latäin crepitaculum, ënnerhale goufen. Wann Kanner méi al gi sinn, kruten se vun hiren Eltere Poppen (lat.: pupae/pupi), déi aus Toun, Wues oder Knachen ugefäerdegt waren. Iwwerraschenderweis haten d’Poppen deemools scho beweeglech Kierperdeeler. Och Déieren- oder Friichten-Figurinë ware beléift bei de Kanner. Bei de Jonge war dat sougenannte „Steckenpferdreiten“ ganz beléift esou wéi och d’Spille mat engem Dapp (lat.: turbo). Allerdéngs hunn d’Réimer och scho Fänkches a Verstoppches an och divers Ballspiller kannt. Natierlech hunn d’Kanner och wéi et hautdesdaags nach ëmmer üblech ass, Papp a Mamm gespillt oder se hunn aner berüümte Perséinlechkeeten nogemaach, ergo hunn d’Réimer scho Rollespiller kannt.

Dass „Spillen“ onmëttelbar zur Erzéiung an zum Kand-Sinn dozougehéiert huet, beweist den Terminus „nuces relinquere“ wat souvill bedeit wéi Nëss hannerloossen. Dësen Terminus gouf bildlech benotzt fir Jugendlecher, déi aus der Sphär vum Kand-Sinn ausgetrueden, an an d’Erwuessenewelt agetruede sinn. Sie sollte symbolesch nach eng läscht Kéier mat den Nossschuele spillen, ier dass se erwuesse ginn. Eng änlech Symbolik hat de Fait, dass Meedercher hir Poppen am Tempel vun der Venus ofgeleet hunn. Änlech wéi hautdesdaags en Kand, wat dem Kleeschen seng Suckel mat op de Wee gëtt. Dir gesitt, och hautdesdaags spillen ons Kanner mat ganz änleche Saache wéi d’Kanner aus der Antick.

D’Iddi, dass d‘Kanner duerch eng spilleresch Aart a Weis am beschte groussgezu géife ginn, war an der Antick wäit verbreet. An esouguer d’Iddie vun der Spillschoul staamt aus dem ale Roum. Esou huet schonns deemools de Quintilian behaapt, dass deen éischte Schoulcours vun engem Kand ee Spill sollt sinn. An dësem Sënn ludus hic sit!