Huet onst Land et an de leschte Joren an en puer Videospiller gepackt a wann jo, a wéi eng?

Dass de Grand-Duché, am weltwäite Verglach, zu deene klengste Länner vun der Welt gehéiert ass ons allen wuel bewosst. Allerdéngs huet sech Lëtzebuerg iwwert Joren ewech virun allem am europäesche Raum en Numm konnte maachen. Mä wéi gesäit et an der Videospill-Branche aus? Huet onst Land et do och an en puer Videospiller gepackt a wann jo a wéi eng? Am Artikel fannt Dir elo eng Auswiel vu fënnef Spiller, an deenen de Grand-Duché vertrueden ass…

Microsoft Flight Simulator 2020

De Microsoft Flight Simulator ass wéi den Numm et engem scho seet eng Fliger-Simulatioun. An dësem Spill kann ee mat den ënnerschiddlechste Fligertyppen déi ënnerschiddlechste Flughäfe vun der Welt usteieren an domat och, déi ënnerschiddlechste Länner op der Welt bereesen. Dëst gëtt duerch eng néi technesch Innovatioun méiglech. D’Welt vum Spill gëtt duerch Texturen an duerch topologesch Donnéeë vu Bing Maps kreéiert an duerch d’Cloud-Plattform vu Microsoft Azure generéiert. Spréch et spillt een zu all Zäit am Spill mat den aktuelle Wierder- an Zäitdonnéeën an et kann ee mam Fliger iwwert all Lëtzebuerger Uertschaft fléien, déi et gëtt.

Call of Duty: World at War: Final Fronts

Net grad d’Stad Lëtzebuerg, mä eng Uertschaft aus Lëtzebuerg kann een an dësem Spill “bereesen”. Am sechste Level vun der Campagne spillt een de Lucas Gibson vun der “American 80th Infantry Divison”, wéi hien den 23. Dezember 1944 um 16 Auer an Ettelbréck eramarschéiert a probéiert d’Stad vun der Wehrmacht ze befreien.

Euro Truck Simulator 2

An dëser Camion-Transport-Simulatioun spillt d’Land Lëtzebuerg eng ganz wichteg Roll. Obwuel d’Land, bezéiungsweis d’Stad Lëtzebuerg, am Spill als relativ kleng duergestallt ginn, gehéieren si trotzdeem zu engem vun deene wichtegste wirtschaftlechen Zentren am Spill. Allerdéngs kann een an dësem Spill nëmmen d’Haaptstad besichen an och nëmmen d’A3 an d’A6 sinn am Spill representéiert. Witzegerweis ass Lëtzebuerg dat Land am Spill wou den Diesel am bëllegsten ass. Nëmmen 1,17 Euro de Liter kascht dësen an en kann op deenen zwou Autobunne getankt ginn.

Mindshadow

Dëst Spill ass wuel deene wéinegsten en Begrëff.  Bei Mindshadow handelt et sech em eng Aart Point and Click Adventure. D’Spill ass ënner anerem fir de Commodore 64 a fir den Atari 8-bit erauskomm. Am Spill gëlt et dem Haaptpersonnage seng Memoire erëmzefannen. Fir dass dat gelénge kann, lant den Held fréier oder spéider zu Lëtzebuerg, wou hie weider Informatiounen zu senger Vergaangenheet fanne kann, bezéiungsweis well. Am Spill gesäit een allerdéngs net vill vu Lëtzebuerg, leedeglech d’Alstad an de Flughafe sinn am Spill representéiert.

Darklands

D’Computerrollenspill Darklands spillt am 15. Joerhonnert zu Zäite vum Heiligen Römischen Reich Deutscher Nationen a baut zimmlech op een historeschen Hannergrond op. Esou spillen Tempelritter, de franséische Kinnek Philippe IV an och den Hexenhammer (malleus maeficarum) eng grouss Roll. Am Spill selwer kënnen déi véier Helden sech fräi op enger Landkaart beweegen a verschidden Uertschafte bereesen. An dësen Uertschafte kennen si hier Fäegkeete verbesseren an néi Technike léieren. Vue dass Lëtzebuerg zu dëser Zäit zum Räich dozougehéiert huet, sinn och zwou Uertschaften am Spill vertrueden, dorënner notamment d’Stad selwer a Veianen.