Wann sech ee Spill an de leschte Joren duerchgesat huet, dat sech mat der Beweegung vun de Gamer beschäftegt dierft dat wuel ganz kloer "Just Dance" sinn.

Just Dance 2021 - Rep. David Winter

Danze verbënnt, mécht Spaass an hält natierlech fit. A well dat am Moment virun allem am Grupp elo an der Pandemie net méiglech ass, passt de neisten Deel vun "Just Dance" och dës Kéier nach e wéineg besser an d'Hierscht- a Wanterzäit. Den David Winter huet mam Entwéckler Ubisoft iwwert hiert neit Danzspill geschwat.

Maacht mat a gewannt eemol "Just Dance 2021" fir d'Nintendo Switch:

"Just Dance" ass bei Wäitem déi erfollegräichste Serie vun Danzspiller déi et jeemools gouf. Weltwäit ginn et wäit iwwer 135 Millioune Spiller.

De Secret vum Succès, esou d'Stefanie Lüftner vun Ubisoft ass warscheinlech follgenden: "...dass Just Dance einfach mehr als nur Tanzen bietet. Es ist nicht nur ein super Party-Spiel mit Freunden und Familie, es ist auch ein Bonding-Tool, das über den ‚World Dance Floor’ Kontakt zu Spielern auf der ganzen Welt ermöglicht. Und außerdem bietet ‚Just Dance’ die Möglichkeit, sich selbst neu zu entdecken und tänzerisch auch weiterzuentwickeln."

D'Léift zu der Musek an dem Danz ass Generatiounen-onofhängeg, dohier ass et och kee Wonner, dass zum Beispill och d'Dammen an Häre vum Youtube-Kanal "Senioren Zocken" fir de neien "Just Dance" interesséieren an och getest hunn.

Hei de Fazit vun enger Dänzerin vun der Senioren: "Das war grandios! Mal wieder das Tanzbein schwingen, und das Bein hoch und rechts und links und vor und zurück. Das ist eine feine Angelegenheit. Das gibt Leben in den Körper!"

Danzen ass och gutt fir d'Ausdauer an d'Gesondheet. A well aktuell d'Méiglechkeete fir Sport ze dreiwen ageschränkt sinn, ass d'Spill natierlech perfekt fir de Fitness-Training dobannen: "Der Sweat-Modus ist tatsächlich die ideale Voraussetzung, das Spiel als Fitness-Workout zu nutzen, denn in diesem Modus werden die beim Tanzen verbrannten Kalorien direkt angezeigt und es werden auch spezielle Playlisten vorgeschlagen, die so richtig Stimmung machen und dann zum Cardio-Training einfach super geeignet sind."

Mä keng Panik, de Spaass steet natierlech op éischter Plaz. "Just Dance 2021" offréiert 40 nei Lidder, nei Choreographien, e "Kids"- an och e "World Dance Floor"-Mode.

Wien elo Loscht kritt huet, fir sech selwecht bëssen ze beweegen... mir verspillen d'Spill 1x fir d'Nintendo Switch.