Bei Hotshot Racing handelt et sech em en typescht Arkade-Rennspill.

Spill: Hotshot Racing

Konsol: Nintendo Switch / Steam / Playstation 4 / XBOX One

Präis: 19,99€

Genre: Rennspill

Entwéckler: Sumo Digital Lucky Mountain Games

Publisher:      Curve Digital

© Screenshot

Gameplay

Actionräich, faarweg, dynamesch an opreegend sinn nëmmen en puer Adjektiver, déi een notze kéint fir dëst d’Spill ze beschreiwen. Am Endeffekt erënnert alles um Spill un déi al Arkade-Automaten op deenen ee fréier Rennspiller spille konnt. Ufänken deet et bei der Musek, a geet eriwwer op den Opbau vum Menü, op de Fait, dass ee fir Credits seng Autoen a Fuerer tune kann, op déi 3D-Polygon-Stil-Grafik an et hält op beim Spillprinzip. Zum Choix stinn dem Spiller insgesamt 8 verschidde Fuerer. All Charakter huet dobäi véier ënnerschiddlech Autoen, déi sech an de Punkte Geschwindegkeet, Drift a Beschleunegung ënnerscheeden. Wann een et da schlussendlech mat sengem Fuerer un de Start gepackt huet, geet d’Spill och direkt lass. Jee no Schwieregkeetsgrad, deen ee virun de Coursen astelle kann, variéiert d’Geschwindegkeet vun den Autoen, mä eppes ass sécher, och am einfache Modus kritt een näischt geschenkt. Et gelt ëmmer um Ball, bezéiungsweis um Gaspedall ze bleiwen, well d’Géigner probéieren een andauernd, wéi bei de Knuppautoen, ze behënneren a vun der Streck ze drängen. Fir do net den Uschloss ze verléieren, gelt et ze drifte fir esou säi Boost opzelueden. Mä och d’Zäit ass en imaginäre Géigner am Spill. Esou huet een nëmmen eng gewëssen Zäit fir vun engem Checkpoint bei deen nächsten ze fueren. Sollt een dat net packen, ass d’Course schonn eriwwer, ier dass se iwwerhaapt esou richteg ugefaangen huet. Dir gesitt, fir Action ass virgesuergt.

© Screenshot

Spillmodi

Vue dass et sech em en Rennspill, bezéiungsweis em en Arkade-Rennspill handelt, gëtt et keng richteg Story. Allerhéchstens wann een sech d’Vita vun de Fuerer duerchliest keimt en klengt Gefill vu Story an Handlung op, mä des Gefiller si fir des Zort vu Spiller net wichteg. D’Spill weess nämlech virun allem duerch eng Hellewull un Spillmodi z’iwwerzeegen. Nieft dem obligatoresche Grand-Prix-Modus, dem Zäitfueren an dem Einzelrennen-Modus, ginn et nämlech nach dräi weider Modi, déi een offline entweder eleng oder mat bis zu dräi weidere Kolleege spille kann. Dëst wieren de Raiber a Gendaarm Modus, wou et drëms geet fir virun de Gendaarme fortzelafen, bezéiungsweis d’Raiber als Gendaarm festzehuelen, de "Fahren oder Platzen"-Modus, wou et drëms geet d’Streck mat enger bestänneger Geschwindegkeet ze fueren an de Fässerflut Modus, wou ee mat Hëllef vun explosive Fässer seng Géigner eliminéiere muss. Donieft huet d’Spill nach en Online-Modus an en lokalen Online-Modus ze bidden. Des Modi kennen alleguer op insgesamt 20 verschiddene Circuiten, déi ganz fantasievoll an individuell gestallt goufen, gespillt ginn.

© Screenshot

Grafik & Sound

D’Grafik vum Spill weess z’iwwerzeegen a bréngt den alen Arkade-Feeling gutt eriwwer. D’Fuerer si ganz individuell designed an och d’Strecke si gutt ëmgesat ginn a kennen duerch eng Hellewull un Detailer iwwerzeegen. Allerdéngs kennt et heiansdo zu en puer Grafikfeeler, wann een an enger Massekarambolage verwéckelt ass. Do misst nach mat engem Patch nogehollef ginn. D’Musek ass weder positiv nach negativ opgefall. Sie mécht dat wat se soll maachen an ënnerstëtzt dee vun den Entwéckler ugepeilten Arkade-Feeling. Allerdéngs wier och hei nach en bësse Loft no uewe gewiescht.

© Screenshot

Steierung

D'Steierung ass intuitiv an och simpel gehalen. Mat de Schëllertaste gëtt ee Gas, bezéiungsweis et bremst een oder et setzt een zum Drift un. Mat X kann een tëscht den ënnerschiddleche Perspektive wiesselen a mat A setzt een säi Boost an. Steiere mécht ee mam Kontroll-Stick oder wann ee well, op der Switch, mat der Beweegungs-Steierung.

Fazit

Bewäertung: 7,5/10

Fazit: D’Spill huet mer wierklech Spaass gemaach an am Ufank ass Zäit verflu wou ech et gespillt hunn. Allerdéngs muss ech soen, dass et mat der Zäit zimmlech repetitiv ginn ass an ech et elo nëmmen nach heiansdo upaken, zum Beispill wann ech nëmme 15 Minutten Zäit hunn fir kuerz eppes ze spillen. Och de Schwieregkeetsgrad ass mer negativ opgefall. Ech fannen et onméiglech fir um Schwieregkeetsgrad “Schwéier” de Goldpokal ze gewannen. Fir muncher een dierft dat motivéierend sinn, fir mech ass et dat allerdéngs net. En Gros handelt et sech bei Hotshot Racing em en coolt Arkade-Rennspill, wat ganz léif gestalt gouf, duerch seng Action z’iwwerzeege weess an ideal fir kuerz Gamingsessions gëeegent ass.