D'EU weist sech besuergt iwwert rietsextreemt Indoktrinéieren a Spiller a fuerderen dohier eng méi staark Regulatioun.

Online-Spiller kënnen den EU-Beoptraagte Gilles de Kerchove a Saachen Terror als Kommunikatiounsmëttel an als Austausch vu verschlësselte Messagë benotzt ginn. Dobäi kënnt, dass Kampfspiller e Mëttel kéinte sinn, en Ugrëff ze testen.

Weider sollen esou Videospiller genotzt ginn, fir Leit ze radikaliséieren. Et ass virun allem eng Method fir rietsextrem Ideologie ze verbreeden, heescht et säitens dem Kerchove. An Däitschland sollen et Spiller ginn, bei deenen een Araber, de George Soros oder d'Angela Merkel erschéisse kann.

Och fir Geld ze wäschen, géife Spiller genotzt ginn, och wann et heizou nach wéineg Erkenntnisser géife ginn.

Den EU-Beoptraagte fënnt, dass de Beräich vu Videospiller ze wéineg reguléiert wier. Den 9. Dezember wëll d'EU-Kommissioun an deem Kontext e Gesetz fir digital Servicer presentéieren. Et soll Internet-Plattformen dozou verflichten, fir kloer géint Haass an Online-Netzwierker virzegoen.