Laut enger Etüde vum Internetportal "Sportyghost", si folgend Sportaarten déi beléiftsten op der Welt: Fussball, Cricket, Feldhockey, Tennis a Volleyball.

Gemeinsamkeet? Richteg! Bei alle 5 handelt et sech ëm Ballsportaarten. Do stellt sech natierlech d’Fro, ob an der Antik och Ballsport praktizéiert gouf, a falls jo, ënnert wéi enge Formen?

Effektiv gouf et an der Antik och Spiller mam Ball. Dat eelsten Zeugnis vun enger Ballsportaart fënnt sech op engem ägyptesche Relief aus dem Joer 1900 v. Chr. rëm. Op dësem Relief werfe sech zwee jonk Meedercher géigesäiteg e Ball zou. Historiker vermudden esouguer, dass de Ballsport an der Antik ufanks exklusiv fir d’weiblecht Geschlecht war. Dëst wëllen se unhand vun enger Zeil vum Homer sengem Epos "Odyssee" (730/720 v. Chr.) ausmaachen: „Als sich Nausikaa jetzt und die Dirnen mit Speise gesättigt/ Spielten sie mit dem Ball, und nahmen die Schleier vom Haupte. Und Nausikaa warf den Ball auf eine der Dirnen;/ Dieser verfehlte die Dirn‘, und fiel in die wirbelnde Tiefe;“

Allerdéngs huet et net laang gedauert, bis dass sech d‘Männer och un de Ballsport getraut hunn. Esou gouf am Joer 510 v. Chr. e plakege Mann op enger Mauer bei Athen veréiwegt, deen am gaange war, mat engem Ball ze jongléieren. Vun dësem Moment un goufen an der anticker Literatur ëmmer erëm iwwert déi ënnerschiddlechst Ballspiller bericht. Esou sollen d’Virreider vum Hockey, Rugby a vum Squash an der Antik ze fanne sinn. Allerdéngs goufen et och nach aner Ballspiller, déi mat de Joren ëmmer méi a Vergiessenheet gerode sinn. Mä dozou spéider méi...

Fir d’éischt kucke mer ons un, aus wat d’Réimer hir Bäll hiergestallt hunn: Déi hu meeschtens aus opgeblosene Schwéngs- oder Randsblose bestanen. Heiansdo gouf et allerdéngs och schonns gebitzten an ausgestoppte Lieder- oder Stoffbäll. Gefëllt goufen d’Bäll da meeschtens mat Woll, Hoer vun Déieren, Stréi, Holzwoll oder mat Fiederen. Besonnesch beléift ware faarweg Bäll, dozou zielen, rout a gréng Bäll. Ganz seelen huet een deemools esouguer Bäll aus Glas fonnt, déi allerdéngs nëmme fir d’Jongleure geduecht waren.

Folgend 3 Ballspiller stounge bei de Réimer héich am Trend:

Ludere datatim

Zwee Spiller werfen sech de Ball géigesäiteg zou, ginn allerdéngs vun zwee Géigespiller doru gehënnert. Sollt de Ball bei enger Pass ofgefaange ginn oder de Buedem beréieren, ginn d’Positioune getosch an déi aner Ekipp ass mat werfen drun.

Ludere expulsium

Stellt Iech einfach fir, Dir géift Tennis ouni Schléier an ouni Netz spillen. Am Endeffekt muss een am Spill sengem Matspiller de Ball mat der Handfläch zouspillen an dëse probéiert en, op déi selwecht Aart a Weis zréckzespillen.

Trigon

Fir dëst Spill brauch een 3 Matspiller an 3 Bäll. D’Spiller stelle sech an engem Dräieck zoueneen a jiddwer Spiller huet dobäi ee Ball an der Hand. Duerno gëllt et de Ball engem Matspiller zouzespillen. Wiem ass dobäi ganz egal. D’Zil vum Spill ass et, zu kenger Zäit zwee Bäll ze hunn. Wiem dat e puer Mol geschitt, huet d’Spill verluer.

Dir gesitt och deemools war de Ballsport ganz beléift. Am nächsten Artikel vun der Serie wäerte mer gesinn, wéi d’Réimer Erotik, Alkohol a Spiller matenee verbonnen hunn. Bléift also, wann Dir wëllt, um Ball!