Gezockt gëtt am Centre Polyvalent Gaston Stein, dat e Samschdeg tëscht 10 Auer moies an 3 Auer owes, sou wéi e Sonndeg tëscht 10-18 Auer.

Matmaache ka jiddferee vu16 Joer un oder a Begleedung vun enger erzéiungsberechtegter Persoun. Organiséiert gëtt den Event vu RelyOn Esports a Videogames.lu.

Detailer iwwert den Event ginn et um offizielle Facebook-Site. Infoen iwwert déi verschidden Turnéiere ginn et hei!

Hei alleguerten d'Detailer vum Organisateur

Gamers' Resort

Gamers‘ Resort ass en Event wat aus der Kooperatioun vu RelyOn Esports a videogames.lu entstanen ass. Den Evenement, den 11. An den 12. Juni zu Jonglënster am Centre Polyvalent Gaston Stein, soll d’Atmosphäre vun engem „GamingCafé“ mat dem Kultfaktor vu LAN-Parties verbannen. D’Iddi ass et, e Kader mat Konsolen unzebidden, wou Leit gratis spille komme kënnen, awer de Leit och d’Méiglechkeet ze bidden, mat hirem eegene Computer Set-Up ze kommen an domat op der Plaz ze spillen. Fir Iessen a Gedrénks zu soziale Präisser ass gesuergt. Um Programm stinn net nëmme Free-Play, mee och divers Turnéieren, wou d’Gamer*innen hir Fäegkeete moosse kënnen.

Turnéieren :

-       Valorant, en Ego Shooter vu Riot Games

-       League of Legends - Teamfight Tactics Modus

-       Tekken 7, e Fighting Game

-       King of Fighters XV, e Fighting Game

-       Mario Strikers: Battle League Football, wat dee Weekend frësch erauskënnt.

-       als spezielle Show-Match gëtt Windjammers 2 gespillt , wou Lëtzebuerg géingt Däitschland untrëtt, fir eng Trophäe rëm a lëtzebuergesch Hänn zeréck ze huelen.

Natierlech ka beim Event och op Ënnerstëtzung duerch Partnere gezielt ginn: Den iHelef wäert zum en VR Set-Up matbréngen, wou Leit an déi virtuell Realitéit eraschnuppere kënnen. D’SweetSpot a.s.b.l. wäert mat d’Spiller Mario Strikers an Super Smash Bros fir Animatioun suergen. Duerch den Sponsoring vum Le reservoir wäerte flott Präisser bei den Turnéiere verspillt ginn. Déi ganz technesch Infrastruktur, déi fir esou een high-tech Evenement néideg ass, gëtt duerch d’Hëllef vun E-Sports Luxembourg assuréiert.

Idee/Konzept

D’Iddi vun dësem Evenement ass et, Gamer*innen a Lëtzebuerg en summerlecht Evenement ze bidden, wou se sech treffen a gemeinsam hirem Hobby oder souguer hirer Passioun nogoe kënnen.

Beim Evenement sti “casual play”, also non-kompetitiivt Spillen, genee sou wéi divers Turnéieren um Programm. Soumat ass fir all Gamer eppes dobäi.

Beim Event ass et béiden A.s.b.l.en wichteg, dass den Event abordabel fir jiddereen ass. Dofir gëtt keen Entréespräis gefrot a souguer d’Reservatioun vun enger Plaz op der LAN-Party ass gratis. Donieft ginn Iessen a Gedrénks zu soziale Präisser ugebueden.

 

Zu den Organisateuren:

videogames.lu

Videogames.lu a.s.b.l. organiséiert zënter 2014 reegelméisseg Evenementer, hir sougenannte „GamingCafés“, déi all Mount zu Koplescht stattfonnt hunn. Bei dësen Eventer goufen Iessen, Videospiller, Turnéieren, Boardgames an gutt Ambiance ugebueden fir d’Gamer*innen aus hiren Zëmmeren an Stuffen eraus ënnert d’Leit ze lackelen. De Veräin ass also schon en aalen Hues an der Organisatioun vun Gaming-Evenementer zu Lëtzebuerg.

 D’Pandemie war fir videogames.lu net einfach. Wéinst de Kontaktbeschränkunge konnten déi regulär Evenementer net stattfannen an duerch d’Iwwerschwemmungen am Juli 2021 zu Koplescht, huet de Club net just vill audiovisuellt Material, mee och hiren übleche Sall fir d’Evenementer verluer.

Videogames.lu léisst trotz de Schwieregkeete wärend der covid-19 Pandemie de Kapp awer net hänken a weist sech a leschter Zäit méi op externen Evenementer wéi der Luxcon/Eurocon an der SprinGames 2022, a schafft och méi mat aneren Partner, wéi z.B. mat 11f zesummen. D’Zesummenaarbecht elo mat RelyOn ass dem Veräin ganz wichteg, fir mat dëser relativ neier Organisatioun déi respektiv Fan-Communautéiten ze erweideren an zesummenzebréngen.

Méi Infos: https://videogames.lu/

 

RelyOn

RelyOn ass 2020 als Esports Ekipp op den PostEsportsMaster op der drëtter Plaz am Spill League of Legends gelant. Aus dësem Team huet sech zesumme mat hirem Frëndeskrees d’Iddi vun enger Gaming-Communautéit opgebaut, déi net einfach “casual” als Spaass spillen, mee och kompetitiv un Turnéieren deelhuele géif.

D’Zil vu RelyOn ass et soumat ginn, eng landeswäit Communautéit opzebauen, déi reegelméisseg mateneen spillt an méi Zäit (online) matenee verbréngt. Doduerch sollen nei Leit sech zesummefanne fir Ekippen ze bilden fir un Turnéieren deelzehuelen. Trotz dem kompetitive Kader ass et RelyOn awer wichteg, dass awer net just Gamer mat vill Zäit a Fäegkeeten, mee jiddereen wëllkomm ass matzemaachen. Zanterdeem beweisen sech RelyOn a verschiddene Spiller ewéi Apex, League of Legends oder Valorant op Evenementer wéi den PostEsportsMasters an der Elite Series Luxembourg Tour. Ganz rezent, op de SprinGames 2022 an der LuxExpo si RelyOn a videogames.lu zesummen a Kontakt getrueden an

Mat LAN-Parties huet RelyOn schonn Erfarung. Am Abrëll hunn si schonn eng Boot-Camp Sessioun organiséiert, wou zesumme fir Turnéieren trainéiert gouf fir dono dorun deelzehuelen. Dofir sinn si elo houfreg, des Erfarung mat videogames.lu op den nächste Level op engem gréisseren Evenement ze bréngen.