Déi gréisste Convention zu Lëtzebuerg am Beräich Videospiller, Cosplay, Popkultur, japanesch Kultur an nei Technologien goung no 2 Joer Paus an déi 5. Editioun.
Ënnert de Gäscht waren ënnert anerem de Mike Quinn, d’Samantha Alleyne, d’Femi Taylor, Acteuren aus de Star-Wars-Filmer. Ma och d’Synchronspriecher Dorothée Pousséo, Bruno Choël, Arthur Pestel an d’Content creator Alkor, MJ – FERMEZ LA a Log Pose.
Och RTL an d’Kolleege vun RTL 5minutes waren op der Plaz mat engem Stand.