De 26. September kënnt den neiste FIFA-Ofleeër op de Marché. Dëst Joer suergt EA awer fir eng besonnesch Iwwerraschung bei de Fans vun der Serie Ted Lasso.

Virun e puer Deeg gouf op der Websäit vu FIFA 23 e Veräi virgestallt, deen et an der Realitéit guer net gëtt. Rieds geet vum fiktive Premier League-Club AFC Richmond, dee fir d'Fans vun der amerikanescher Serie Ted Lasso wuel e Begrëff dierft sinn. An der Serie, déi exklusiv op Apple TV+ diffuséiert gëtt, trainéiert den Ted Lasso den AFC Richmond, dëst obschonns hie keng Futtball-Kenntnisser huet. No e puer Stonne konnt een de Veräin allerdéngs net méi op der Websäit fannen.

Doriwwer eraus huet EA den 20. September een Tweet vun der Serie kommentéiert, soudatt een dovunner ausgaangen ass, datt am Spill iergendwéi ënnert iergendenger Form e Crossover geplangt ass.

E Mëttwoch gouf elo confirméiert, datt een am Spill FIFA 23 mat der Ekipp AFC Richmond spille kann. Doriwwer eraus kann ee mam Ted Lasso eng Karriär lancéieren an d'Geschicht vum Veräin nospillen. Weider ass och de Stadion vum Veräin am Spill implementéiert. Hei gesitt Dir nach eng Kéier den Trailer vun der Annonce: