Op LEGO IDEAS kënnen d’Fans vu LEGO reegelméisseg Iddie fir nei Sets erareechen an op e groussen Echo vun der Communautéit hoffen.

Queen Elizabeth II. als Lego-Set

Den Doud vun der Queen Elizabeth II. am Alter vu 96 Joer huet weltwäit fir Trauer gesuergt. Honnertdausende vu Leit hu sech deelweis wärend méi wéi zéng Stonnen an eng Schlaang gestallt, fir laanscht hir Doudelued ze goen an eng leschte Kéier Äddi ze soen. De Jean-Marie Bellion wollt säi Respekt fir d’Queen op seng eegen Aart a Weis ausdrécken an huet e LEGO-Set gebaut, deen der Monarchin noempfonnt ass an och kéint zu engem offizielle Set ginn. RTL wollt méi doriwwer wëssen an huet mam Jean-Marie Bellion iwwert säi Projet geschwat. D'Iddi fir de Projet war iwwerdeems simpel:

"Den Doud vun der Queen war jo ee Sujet, dee relativ present war riets a lénks an de Medien. A vue que datt ech reegelméisseg op d’LEGO-IDEAS-Säit kucke ginn, hat ech einfach emol probéiert, fir ze kucken, ob dann iergendeen d’Iddi hat, fir do eppes anzereechen an erstaunlecherweis war do nach näischt drop. An do hunn ech mir geduecht: Ok da mëss de eppes Klenges an da probéiers de einfach emol et anzeschécken."

Ronn 20 Stonnen, verdeelt op dräi Owenter, souz de Jean-Marie Bellion u sengem Projet. Mä wéi genee geet ee bei sou eppes vir a mat wat fänkt een un? De Jean-Marie Bellion:

"Also ech hat eng Kéier gesinn, wou een d’Figur vun der Queen gemaach hat an déi Perréck war relativ gutt ginn. Do wosst ech scho wéi ech et géif maachen. Ech wollt ee Stéck vum Palais maachen. Do sinn ech emol e bëssen op Google kucke gaangen, fir Fotoen ze fanne vun der Queen, wéi si am Palais war. An dat meescht waren ebe Fotoen, wou si op hirem Schreifdësch war oder op der Couche. Do war relativ séier kloer, dass ech géif probéieren, déi zwee eranzekréien an dann eben de Palais ze dekoréieren. Et ass zwar lo net 100% akkurat, mä ech hat probéiert, puer Elementer, wéi zum Beispill de Kamäin oder d’Sailen, déi ech dann op Fotoe gesinn hunn, eranzekréien, fir datt et eben ausgesäit wéi eng Aart Sall vun engem Schlass."

455 Stécker soll de Set hunn, wann en da sollt ugeholl ginn. Fir datt dat geschitt, muss de Jean-Marie Bellion allerdéngs genuch Stëmme kréien. 10.000 brauch hien der nämlech am Ganzen, fir datt säi Projet an enger enker Auswiel vun enger Jury ugekuckt gëtt. D’Zäit, déi en huet, fir déi ze kréien ass limitéiert.

"Ech hat lo 60 Deeg Zäit fir 100. Wann een da 100 huet, da kritt een nach eng Kéier 12 Méint fir 1.000 an da kritt een nach eng Kéier 6 Méint fir 5.000 an nach eng Kéier 6 Méint fir 10.000. Wann een iwwer 5.000 kënnt, huet een awer bal dann zwee Joer Zäit. Et kritt een awer ee Präis vun 300 Euro, wann een der 10.000 huet. Am Moment gëtt awer just een erausgesicht."

A wéi kann een dann elo fir de Queen-Set ofstëmmen? De Jean-Marie Bellion huet och hei d'Äntwert:

"Et muss een en Account bei LEGO hunn. Dat heescht, deen Account, deen een zum Beispill hëlt bei LEGO, wann een e Set keeft, dee geet am Fong duer. Op der LEGO-Säit ass e Link, fir op d’LEGO-IDEAS-Säit. Den direkte Link ass ideas.lego.com. Do huet dann all User, also déi Leit, déi e LEGO-Account hunn, déi hunn eng Aart Profil an do ass och eng Sichbox. Mam Terme "Elizabeth" misst Dir et direkt fannen. Et gëtt och een direkte Link, mä Dir musst Iech aloggen, fir ze voten. Wann ee lo keen Account huet, da muss ee leider ee bei LEGO kreéieren."

Iwwert dëse Link kommt Dir direkt bei de Projet.