Op LEGO Ideas kënne Leit reegelméisseg Iddie fir nei Sets erareechen an op en Echo vun der Community hoffen. Elo gëtt um Site näischt méi vu Zelda ugeholl.

Am Joer 2021 haten eng sëllege Projeten op LEGO Ideas zu de Videospiller ronderëm de Link a seng Prinzessin Zelda fir Opreegung gesuergt. Dëst andeems dës Projete genuch Stëmmen um Site vu LEGO Ideas kruten an esou an der Diskussioun stoungen, fir méiglecherweis ëmgesat ze ginn, fir op de Marché ze kommen.

Domadder ass et elo awer op ee Coup eriwwer. An engem Communiqué deelt LEGO mat, datt wann ee weider Iddien zum The-Legend-of-Zelda-Franchise géing unhuelen, ee Problemer mam Markerecht kréie kéint. Dëst well Nintendo mat der Lizenz vun The Legend of Zelda ganz konservativ ëmgoe géif. Esou misst een all Projet am Zesummenhang mam Held mat der grénger Mutz direkt refuséieren, well ee soss eventuell viru Geriicht lande kéint.

Fir vill Fans vun de Klemmbausteng kënnt dëst allerdéngs iwwerraschend. Esou hunn Nintendo a LEGO zënter Joren eng Kooperatioun mat der Super-Mario-Franchise um Lafen a bréngen an dëser all Joers op en Néits eng sëllege Sets op de Marché. Vill Leit sinn dowéinst dovunner ausgaangen, datt Nintendo och relativ séier mat der Lizenz fir The-Legend-of-Zelda-Sets u LEGO eruntriede wäert.

Et gëtt allerdéngs spekuléiert, datt Nintendo dës Rechter scho längst un een aneren Hiersteller vu Klemmbausteng verkaaft huet. Esou steet den Numm Mattel MEGA am Raum, deen an der Lescht och scho Pokémon-Sets erausbruecht huet. Et dierf een deemno gespaant sinn, wat d'Zukunft brénge wäert.