
D'Presentatioun vun de qualifizéierten Ekippen war e Mëttwoch 8. Mäerz zu Monnerech.
Bei dësem Event goung et virun allem drëms, déi eenzel Ekippen a Spiller kennenzeléieren, vu dass de Tournoi jo schonn déi Woch drop, also de 15. Mäerz lassgeet, dat um 19 Auer.
Dëst gëtt natierlech och bei RTL iwwer Stream live iwwerdroen. Ganzer 16 Spiller waren um Media Day present.
Hei nach eemol déi eenzel Match-Deeg vun den Ekippen:
Matchday 1: 15.03.2023
Matchday 2: 29.03.2023
Matchday 3: 12.04.2023
Matchday 4: 19.04.2023
Matchday 5: 26.04.2023
Matchday 6: 10.05.2023
Teams Final: 13.05.2023
Weider Infoen an Detailer zu der Orange eLeague 2023 gëtt et an eisem Artikel!
