Manager importéieren Nintendo-Spiller, fir se illegal a Russland ze verkafen

© AFP
Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, huet Nintendo zënter Februar 2022 all kommerziell Aktivitéit a Russland gestoppt.
Esou bedreift Nintendo keng russesch Social-Media-Konte méi, den Nintendo-E-Shop fonctionéiert net méi an et verkeeft een och keng nei Nintendo-Spiller méi fir op d'Nintendo Switch, soudatt Russland komplett vum Videospillmarché ofgeschiermt sollt sinn.
Manager vun Nintendo of Russia hunn allerdéngs e Wee fonnt, fir dësen Embargo vun Nintendo of Japan ze ëmgoen. Ënnert der Direktioun vum russeschen Nintendo-President Yasha Haddaji hunn dës eng Gesellschaft gegrënnt, déi hiren Haaptsëtz op der selwechter Adress huet, wéi Nintendo of Russia. Ënnert dem Numm Achivka huet dës Firma dunn am Ausland Nintendo-Switch-Spiller kaaft an dës an der eurasescher Wirtschaftsunioun verkaaft.
Esou fënnt een an diversen Telegramm-Chatten zënter Deeg Fotoen, op deenen een d'Spill Metroid Prime Remastered an engem engleschen Emballage an engem russesche Buttek gesäit. Dobäi steet op der Verpackung drop, datt d'Spill fir den europäesche Marché geduecht war. Nieft dëser Umierkung op der Verpackung, fënnt een dann de Sticker vun der Firma Achivka.
Datt dës Bedruchsmasch net am Interessi vun Nintendo of Japan ass, dierft kloer sinn. Allerdéngs huet een op Säite vun Nintendo nach keng Stellungnam rausgeschéckt. Wéi Nintendo deemno reagéiere wäert, bléift nach ofzewaarden. Et ass allerdéngs dovunner auszegoen, datt de Yasha Haddaji net méi all ze laang President vun Nintendo of Russia bleiwe wäert.