"Et wäert definitiv nach e weideren Nintendo-Film gedréint ginn!"

© Nintendo / Illumination Entertainment
Dëst versprécht de Produzent Shigeru Miyamoto. Hie géif den Ament och un engem weidere Film schaffen, allerdéngs géif dëse soubal nach net ugekënnegt ginn.
De Film mam weltwäit beléiftste Blechschléier ass réischt de 5. Abrëll an de Kinoen ugelaf an ass elo schonns déi erfollegräichste Videospillverfilmung vun allen Zäiten. Dobäi ass de Film nach guer net a Japan an de Kino komm, soudatt den Erfolleg vum Film an deenen nächste Wochen a Méint nach weider klamme wäert.
Och finanziell huet de Film sech komplett rentéiert. Esou konnt de Film scho méi wéi 870 Milliounen US-Dollar aspillen. Dobäi ass et just eng Fro vun der Zäit, bis datt de Film d'Grenz vun enger Milliard US-Dollar iwwerschreide wäert. Et kéint souguer sinn, datt de Super-Mario-Bros.-Film deen erfollegräichsten Animatiounsfilm vun allen Zäite gëtt. Dofir muss de Film méi wéi 1,45 Milliarden US-Dollar aspillen, wat sécherlech nach am Beräich vum Machbaren ass. Dës Zomm hat de Film Die Eiskönigin 2 nämlech de Produzenten abruecht.
Dohier ass et net iwwerraschend, datt souwuel Nintendo, ewéi och Illumination Entertainment iwwert e weidere Film mam Mario, Luigi an der Prinzessin Peach nodenken. Dëse wäert et allerdéngs net an noer Zukunft ginn. Esou wäert ee sech dem Miyamoto no déi Zäit loossen, déi ee brauch, fir nees e qualitativ héichwäertege Film op d'Leinwand ze bréngen.
Hutt Dir de Film scho gesinn? Falls jo, huet de Film ären Erwaardungen entsprach? Falls net, gitt dir de Film nach kucken?