Neit Zelda-Spill bannent dräi Deeg iwwer 10 Millioune Mol verkaaft ginn

© AFP
Den neien Deel vun der legendärer Videospillserie Zelda koum eréischt d'lescht Woch eraus an huet elo schonn en neie Rekord opgestallt.
"The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom" wier an den éischten dräi Deeg iwwer 10 Millioune Mol verkaaft ginn, sou de japaneschen Entwéckler Nintendo e Mëttwoch. Domat wier et an Europa souwéi Nord- a Südamerika "dat am séierste verkaaften" Nintendo-Spill vun allen Zäiten.
D'Vente war an der Nuecht op e Freideg lassgaangen. A ville Stied weltwäit hu sech scho Stonne virdrun laang Waardeschlaange virun de Butteker gebilt, déi wéinst der Zelda-Verëffentlechung hir Dieren nuets opgemaach haten. Eleng a Japan ass d'Spill schonn 2,24 Millioune Mol verkaaft ginn.
"The Legend of Zelda" ass eng éischte Kéier 1986 op de Maart komm. D'Saga gëllt als weeweisend bei der Entwécklung vu sougenannten Open-World-Spiller a gehéiert mat 125 Millioune Ventë bis lescht Woch als ee vun den erfollegräichste Spiller iwwerhaapt.