Mat der neier App "Fakelzuch" duerch d'Lëtzebuerger Land

Bei dëser App handelt et sech ëm e sougenannten «Endless Runner», also wéi den Numm et seet, e Spill, bei deem et an sech kee Schluss gëtt...
Am Kader vun Nationalfeierdag, huet d’Intitiativ «LuXembourg – Let’s make it happen” eng nei Campagne lancéiert, fir déi eng ganz Partie digital an awer och physesch Outilen an d’Liewe geruff goufen. Eng dovunner ass d’Videospill "Fakelzuch", dat virun allem de méi jonke Public soll uspriechen.
Bei dëser App handelt et sech ëm e sougenannten «Endless Runner», also wéi den Numm et seet, e Spill, bei deem et an sech kee Schluss gëtt, mä wou ee probéiert sou wäit wéi méiglech ze kommen an sou no an no ëmmer besser Resultater ze realiséieren. Änlech bekannte Spiller sinn hei zum Beispill Temple Run oder Subway Surfers, fir der nëmmen 2 ze nennen. De Fred Neuen vu Radar, déi och bei der Entwécklung vum Spill involvéiert waren, erkläert, ëm wat et bei «Fakelzuch» dann elo genee geet.
Spill ass virun allem am Ufank méi einfach, dass och Kanner Spaass drun hunn, ma et gëtt awer ëmmer méi schwéier, jee nodeem wéi wäit ee kënnt. An dat mécht natierlech och villen Erwuessene Spaass.

Et ass och geplangt, dass jee no Joreszäit a Festivitéiten, wéi zum Beispill Chrëschtdag oder Halloween, d’Spill der Saison ugepasst gëtt. Detailer heizou ginn et fir den Ament awer nach net. De Fred Neuen erkläert eis dann nach, wien alles um Projet involvéiert war.
D’Musek ass iwwregens vum jonke Lëtzebuerger Komponist Gregory Nei gemaach. Hei goufen al Lëtzebuerger Lidder am 8-Bit-Stil kreéiert, déi dann am Spill ze héiere sinn. Domadder ass de ganze Projet dann och definitiv vu vir bis hannen e lëtzebuergesche Produit.
Wou kritt een d’Spill ?
Vu dass et eng App ass, kann ee sech d’Spill wéi gewinnt am Google Play Store an am App-Store vun Apple eroflueden, dat souwuel fir de Smartphone , wéi och fir den Tablett. D’Spill ass gratis, ma et kann een et awer och op Nationalfeierdag op der Plëss an der Stad testen, wann ee souwisou do an der Géigend ass.

