E Mëttwoch huet Nintendo an enger Nintendo Direct nees Ablécker geliwwert, wat an deenen nächste Wochen a Méint un neie Spiller verëffentlecht wäerte ginn.

Dobäi goufen eng sëllegen Highlighten ugekënnegt, woubäi vill Spiller sech ëm de beléifte Blechschléier Mario a seng Frënn souwéi Frëndinnen aus dem Pilzkinnekräich dréinen. Mä och op Säite vu Pokémon, Metal Gear Solid, The Legend of Zelda souwéi Pikmin ginn et Neiegkeeten, déi mir Iech an dësem Artikel kuerz a knapp virstelle wäerten. Wie sech allerdéngs déi ganz Direct ukucke wëll, dee kann dëst natierlech mat follgendem Video maachen:

Super Mario a Co.:

Villes huet sech an der Direct ëm de Mario a säi Pilzkinnekräich gedréint. Esou gouf mat Super Mario Bros. Wonder eng nei 2D-Aventure vum roude Blechschléier ugekënnegt. An dësem klasseschen Jump-'n'-Run spillt een de Mario a leeft vu lénks no riets am Level, fir nees d'Zil ze areechen. Allerdéngs geet de Mario dës Kéier net eleng op d'Rees, mä hie gëtt vu senge Frënn ënnerstëtzt. Esou waren de Luigi, d'Peach, de Yoshi, d'Daisy souwéi och den Toad am Trailer ze gesinn, déi een alleguerte spille konnt. Och wat d'Objeten ugeet, déi een an dëser Aventure sammele kann, schéngt et eppes Neies ze ginn. A Super Mario Bros. Wonder schénge mof Mënzen e wäertvolle Géigestand ze sinn, deen et anzesammele gëllt. Iwwerdeems gouf och schonns en neit Power-Up ugekënnegt. Mat enger spezieller Blumm ass et dem Mario méiglech, fir sech an en Elefant ze verwandelen, deen dem Benjamin Blümchen dach relativ änlech gesäit. D'Spill soll iwwerdeems den 20. Oktober 2023 op de Marché kommen.

Dëst ass allerdéngs nach net alles gewiescht. Esou gouf och Remake vum Mario sengem alleréischte Rollespill (RPG) ugekënnegt. Super Mario RPG wat am Joer 1996 just fir d'SNES an Amerika souwéi a Japan erauskomm ass, kënnt elo de 17. November weltwäit mat enger besserer Graphik an engem ausgebesserte Soundtrack an d'Regaler vun de Supermarchéë stoen. Esou kënnen d'Spiller aus Europa fir déi éischte Kéier an de Genoss vun dësem Meeschterwierk kommen.

Weider huet Nintendo confirméiert, datt d'Prinzessin Peach en eegent Spill spendéiert kréie wäert. Allerdéngs goufen et zu dësem Spill nach keng weider Nouvellen. Doriwwer eraus gouf och e Remake vum Spill Luigi's Mansion 2, wat ursprénglech fir den Nintendo 3DS op de Marché komm ass, ugekënnegt. Dëst Spill soll awer réischt 2024 erauskommen.

Iwwerdeems gouf och déi 5. Well vum Mario Kart 8 Deluxe Booster-Streckepass confirméiert. Vill Detailer goufen hei nach net verëffentlecht. Et ass allerdéngs gewosst, datt et mam Wiggler, Kamek a Mutant-Tyranha dräi nei Charaktere wäerte ginn an datt mat Bad-Parcours eng vëlleg nei Streck de Wee an d'Spill fanne wäert.

RTL

© Nintendo

Pokémon

Och d'Pokémon goufen e Mëttwoch net vergiess. Hei goufen nei Informatiounen zu den DLC's zu Pokémon Karmesin a Purpur verëffentlecht. Iwwerdeems gouf confirméiert, datt den éischten Deel vum DLC am Hierscht 2023 erauskomme wäert an datt d'Spiller op der ganzer Welt den zweeten Deel am Wanter 2023 ze spille kréie wäerten. Dobäi goufen am Trailer virun allem déi nei Gebidder gewisen an et gouf bestätegt, datt eng sëllegen al Pokémon de Wee an d'Spill fanne wäerten, soudatt et fir d'Trainer an d'Trainerinnen op der ganzer Welt nees vill ze entdecke wäert ginn.

RTL

© Nintendo / Creatures / GAME FREAK

Doriwwer eraus gouf et weidert Pokémon-Spin-Off ugekënnegt. De Meisterdetektiv Pikachu kritt säin zweet Spill spendéiert. Frënn vun der gieler Elektromaus kënnen de 6. Oktober nees op d'Juegd vu Kriminellen a Schwéierverbriecher goen an domadder d'Stad nees méi sécher maachen.

The Legend of Zelda

Nodeems Tears of the Kingdom e sensationelle Start higeluecht huet, ginn et natierlech och Nouvellen zur The-Legend-Of-Zelda-Franchise. Hei heescht et, datt nieft dem Link, deem säin Amiibo schonn dobaussen ass, och nach d'Zelda an de Ganondorf jeeweils een Amiibo spendéiert wäerte kréien. Dës kommen am Wanter 2023 op de Marché.

Pikmin

Eng beléiften awer duerchaus méi onbekannte Franchise vun Nintendo ass Pikmin. Hei goufen e Mëttwoch allerdéngs vill nei Detailer zum Spill Pikmin 4 verëffentlecht. Esou wäerten et nees Dungeons ginn, et wäert een aner Astronaute rette kënnen an et wäert ee fir d'éischte Kéier an der Geschicht vu Pikmin an der Nuecht spille kënnen. An dësem Kontext goufen och d'Leucht-Pikmin ugekënnegt, eng komplett nei Pikmin-Aart, déi just an der Nuecht existéiere kann. Eng Demo-Versioun vum Spill wäert iwwerdeems den 29. Juni online gestallt ginn.

RTL

© Nintendo

Domadder net genuch, goufen HD-Versioune vun de Spiller Pikmin 1 a Pikmin 2 ugekënnegt, déi am Doppelpack den 22. September fir d'Nintendo Switch op de Marché komme wäerten.

Aner Spiller

Allerdéngs gouf nach enge Hellewull un anere Spiller ugekënnegt. Dës Spiller fannt dir hei opgelëscht:

  • Sonic Superstars
  • Palia
  • Persona 5 Tactica
  • MythForce
  • Batman: Arkham-Trilogie
  • Gloomhaven
  • Just Dance 2024 Edition
  • Silent Hope
  • Fae Farm
  • Hot Wheels Unleashed 2 - Turbocharged
  • Manic Mechanics
  • Mario + Rabbids Sparks of Hope: The Last Spark Hunter & Demo
  • Dragon Quest Monsters: Der dunkle Prinz
  • Metal Gear Solid: Master Collection Vol. 1
  • Vampire Survivors
  • Headbangers Rhythm Royale
  • Penny's Big Breakaway
  • Star Ocean The Second Story R
  • WarioWare: Move It!