Zënter 2018 kann ee sech d'Spill Among Us downloaden. Am Ufank nach ouni Succès, ass d'Spill wärend der Covid-Pandemie zum perfekte Partyspill avancéiert.

Esou gouf d'Spill bis an d'Joer 2022 méi wéi 530 Millioune Mol gedownloat. Doriwwer eraus gëtt d'Spill och nach vun duerchschnëttlech 17.000 Mënschen den Dag gespillt, wat fir e Spill, wat am Joer 2018 op de Marché komm ass, e gudde Score ass. Innersloth, den Entwéckler-Studio vum Spill, konnt bis 2022 och schonns 86 Milliounen US-Dollar Benefice mam Spill maachen. Dëst wier en Erfolleg, esou ee vun den Entwéckler vun Among Us an engem rezenten Interview, dee si sech ni hätten erdreeme kënnen.

Eng sëllege Kooperatioune mat anere Franchisen, wéi zum Beispill Destiny 2, League of Legends, Fortnite oder Pusheen beleeën, datt Among Us ëmmer nach aktuell souwéi beléift an der Videospill-Zeen ass. Dëse Succès soll elo net nëmmen de Videospillkonsole virbehale bléiwen, mä soll sech elo och op aner Medien ausbreeden.

Esou huet CBS Studios Enn Juni verëffentlecht, datt een den Ament mat Innersloth zesummen un enger Animatiounsserie vun Among Us schaffe géing. Zoustänneg fir d'Verfilmung a fir d'Geschicht ass de Studio Titmouse, déi bei den Animatioune vu CBS Eye Animation Productions ënnerstëtzt ginn. Dëse Studio ass ënner anerem duerch Serië wéi Big Mouth oder Star Trek: Lower Decks bekannt ginn.

Wéi vill Folgen d'Serie huet souwéi de geneeë Release-Datum wollt een der Press nach net matdeelen. Do géifen deemnächst weider Infoe kommen, heescht et op Säite vu CBS Studios.