Nei Nintendo-Kooperatioun - OREO x Super Mario

© Nintendo / Mondelēz International.
Vum 10. Juli 2023 un, wäerten d'Fans vum beléifte Blechschléier Mario d'Méiglechkeet hunn, sech 16 verschidden Oreo-Kichelcher am Mario-Design ze sécheren.
Dëst confirméieren Nintendo an Oreo an engem gemeinsame Communiqué. Weider heescht et, datt een d'Kichelcher an enger éischter Instanz just um amerikanesche Marché verkafe wäert. An enger zweeter Instanz, géif een dann iwwerpréiwen, ob den Interessi un de Kichelcher am Rescht vun der Welt genee esou grouss wier, wéi an de Staaten, soudatt een d'Kichelcher, falls dëst dann de Fall wier, da weltwäit an d'Regaler vun de Supermarchéë brénge wäert.
Béid Firmaen hu sech et net huele gelooss, fir dës Kooperatioun an engem, fir Gamer a Gamerinnen, duerchaus nostalgeschen Trailer unzekënnegen. Dëse kënnt Dir Iech hei ukucken:
Fir 12 Kichelcher am Super-Mario-Design mussen d'Amerikaner iwwregens knapp 5 US-Dollar op den Dësch leeën. Interessant ass iwwregens de Fait, datt et kee Kichelchen am Prinzessin-Peach-Design gëtt. Dofir huet een op Säite vun Oreo allerdéngs eng Erklärung: D'Prinzessin wier nees vum Bowser entféiert ginn, dofir wier et net méiglech gewiescht e Peach-Kichelchen ze maachen. Et kéint een d'Prinzessin awer retten, wann een déi 16 verschidde Kichelcher op ee Coup an e Glas Mëllech stelle géif.
Hardcore-Mario-Fans kënne sech d'Kichelcher den Ament iwwert den amerikanesche Site vun Oreo virbestellen. Fir si ginn et follgend Mario-Charakteren ze sammelen:
- Mario
- Luigi
- Toad
- Yoshi
- Blooper
- Koopa
- Piranha-Planz
- Spike
- Bowser
- Bowser Jr.
- Gumba
- Buu-Huu
- Mënz
- Super-Stär
- Feierblumm
- Champignon