De Mateo Frias (7 Joer al) aus Lëtzebuerg bei der WM am Pokemon derbäi
Zanter 1996 existéiert elo schonn de Pokemon-Phänomeen.
Pokemon, wat op Japanesch eng Ofkierzung ass fir “Poketto Monsutã”, heescht esouvill ewéi “Täschemonster“.
Am August flitt de Mateo Frias, deen eréischt 7 Joer huet an deen hei zu Lëtzebuerg wunnt, op Japan op Yokohama, fir ons bei de "World Championships" ze vertrieden. Hien huet sech als 14. op der Lëscht aus Europa placéiert an dierf elo deelhuelen.
Gebierteg aus dem Guatemala ass hie mat senger Famill aus Aarbechtsgrënn op Lëtzebuerg geplënnert an elo voll an de Preparatioune fir d’Weltmeeschterschaft elo vum 11.-13. August.
Bei der Famill Frias gëtt et doheem vill, wat mat Pokemon ze dinn huet. Och Kaarte gi gesammelt, Plüschdéieren a villes méi. De Pedro, säi Papp. ass awer net ganz onschëlleg an där ganzer Affär, vun engem muss de Mateo et jo wuel hunn. De Pedro spillt scho 26 Joer, mee säi Fils gewënnt ëmmer nees am Spill géint hien.
Dem Mateo seng Mamm huet sech un d’ Situatioun gewinnt, 1 Stonn pro Dag dierf gespillt ginn an da stinn natierlech och aner Aktivitéiten um Programm.
De Mateo freet sech elo schonn op Japan a weess och schonn genee, wat een do maache wäert. An zwar ganz vill Sushi iessen
E bëssi méi ewéi ee Mount kann de Mateo sech nach op d’ Pokemon -Weltmeeschterschaft virbereeden an da geet et op Yokohama: Mir drécken natierlech d’Daumen.